D'Oktaedritte sinn déi heefegst Grupp vun Néckel-Eisemeteoritten. Si bestinn aus de Minerale Kamacit an Taenit. Wann d'Uewerfläch vun dëse Meteoritte poléiert an ugeätzt gëtt, da weise sech déi typesch Widmanstätten-Strukturen. Si bestinn aus Kamacitsträifen, déi duerch dënn Lamelle vun Taenit getrennt ginn. An der drëtter Dimensioun läit de Kamacit a Placke vir, déi parallel zu de Fläche vun engem Oktaeder festgeluecht sinn, dofir den Numm Oktaedrit.

Den Toluca-Meteorit.

D'Oktaedritte gi weider no der Breet vun de Kamacitsträifen a Strukturklassen ënnerdeelt, dobäi besteet en Zesummenhank mat dem Néckelgehalt[1]:

  • Ganz graff Oktaedritten, méi wéi 3,3 mm, 5-9 % Ni
  • Graff Oktaedritten, 1,3 bis 3,3 mm, 6,5-8,5 % Ni
  • Mëttel Oktaedritten, 0,5 bis 1,3 mm, 7-13 % Ni
  • Reng Oktaedritten, 0,2 bis 0,5 mm, 7,5-13 % Ni
  • Ganz reng Oktaedritten, méi kleng wéi 0,2 mm, 17-18 % Ni

Ausserdeem kënne si no hirem Néckelgehalt an de Spuerenelementer Germanium, Gallium an Iridium an déi cheemesch Gruppen I bis IV agedeelt ginn[2]. Donieft existéiert nach eng Rei vun Oktaedritten, déi bis elo kenger vun dëse Gruppen zougedeelt konnte ginn an déi dofir als anomal bezeechent ginn.

Bekannt Vertrieder vun den Oktaedrittegruppe sinn: Gibeon-Meteorit, Sikhote-Alin-Meteorit, Campo-del-Cielo-Meteorit, Canyon-Diablo-Meteorit, Morasko-Meteorit, Nantan-Meteorit, Toluca an d'Cranbourne-Meteoritten.

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Referenzen

änneren
  1. Vagn F. Buchwald, Handbook of Iron Meteorites, Univ. of California Press, 1975
  2. John. T. Wasson, Meteorites, Springer-Verlag 1974.