Tignous

franséische Karikaturist a Graphiker

De Bernard Verlhac, bekannt ënner sengem Pseudonym Tignous, gebuer den 21. August 1957 zu Paräis[1] a gestuerwen de 7. Januar 2015 zu Paräis, war e franséische Karikaturist a Graphiker.

Tignous
Gebuertsnumm Bernard Jean Charles Verlhac
Gebuer 21. August 1957
14. Arrondissement
Gestuerwen 7. Januar 2015
11. Arrondissement
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Cartoonist, Karikaturist, Journalist, Moler, Illustrateur, Spillentwéckler

Den Tignous huet fir verschidden Zäitschrëfte geschafft, dorënner Charlie Hebdo, Marianne a Fluide glacial. Hien huet och d'Illustratioune vun de Rollespiller Rêve de dragon an där éischter Editioun vu MEGA gemaach, sou wéi och fir de Magazine Casus Belli.

Den Tignous ass de 7. Januar 2015 beim Attentat op d'Redaktioun vu Charlie Hebdo, zesumme mat 11 anere Leit, ermuert ginn.

Wierker

änneren
  • 1991: On s'énerve pour un rien, éditions La Découverte
  • 1999: Tas de riches, éditions Denoël
  • 2006: Le Sport dans le sang, éditions Emma Flore
  • 2008: C'est la faute à la société, collectif, éditions 12 bis
  • 2008: Le Procès Colonna, éditions 12 bis
  • 2010: Pandas dans la brumes, éditions Glénat
  • 2010: Le Fric c'est capital, éditions 12 bis
  • 2011: Cinq ans sous Sarkozy, éditions 12 bis

Um Spaweck

änneren
Commons: Tignous – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Tignous, tué à «Charlie Hebdo», dessinait pour de nombreux journaux français