Dës Säit beschäftegt sech mat dem Mao Zedong sengem militärstrategesche Laange Marsch. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Laange Marsch (Homonymie).

De Laange Marsch (长征 / 長征) war de militäresche Réckzuch vun den Truppe vun der Kommunistescher Partei vu China (KPCh) an de Joren 1934/35, fir ze verhënneren, vun den Truppe vum Chiang Kai-shek senger Nationalrevolutionärer Arméi agekreest se ginn, an hinne sou z'entkommen.

Verlaf

E gëllt als den zentralen Heldemythos vun der kommunistescher Partei vu China. Beim Laange Marsch waren a puer Ofdeelunge vun der Rouder Arméi um Wee no Westen an no Norden. Am bekanntsten ass de Marsch vun där Arméigrupp, un där hirer Spëtzt d'KPC war, an déi bannent 370 Deeg 12.500 Kilometer zeréckgeluecht soll hunn an dat duerch Géigenden, wou et wéinst dem Terrain ganz schwéier war, virun ze kommen.

Wärend dem Laange Marsch konnt de Mao Zedong seng Muechtpositioun bannent der KPCh festegen an auszubauen. Nëmme ronn een Zéngtel vun den am Ufank 90.000 Leit, déi sech aus dem Jiangxi-Sowjet op de Laange Marsch gemaach hunn, si schlussendlech den 20. Oktober 1935 um Zil ukomm. Déi, déi net matgaange waren, goufe vum Kuomingtang gefaangegeholl an ëmbruecht.

Ausbléck änneren

D'KPCh konnt sech an hirem Retranchement erhuelen an ufänken, den Norde vu China nei z'organiséieren. Um Enn vum Zweete Weltkrich konnt déi Rout Arméi (méi spéit: Volleksbefreiungsarméi, 人民解放军, rénmín jǐefàngjūn) d'Kuomintang vum chineesesche Festland op d'Insel Taiwan verdreiwen.

Nodeems d'Volleksrepublik China gegrënnt gi war, gouf de Laange Marsch als Symbol vun der Partei fir d'Stäerkt an hir Capacitéit fir ze resistéiere propagéiert. Och haut nach déngt en als Grondlag fir eng jett Filmer a Geschichten.

Literatur änneren

  • Jung Chang, Jon Halliday: Mao. Das Leben eines Mannes, das Schicksal eines Volkes. Pantheon, München 2007, ISBN 3-57055-033-8.
  • James P. Harrison: Der lange Marsch zur Macht. Belser, Stuttgart 1978, ISBN 3-76301-167-6.
  • Ed Jocelyn, Andrew McEwen: The Long March. The true story behind the legendary journey that made Mao's China. Constable, London 2006, ISBN 1-845-29255-3.
  • Thomas Kampen: Die Führung der KP Chinas und der Aufstieg Mao Zedongs (1931–1945). Berliner Wissenschafts-Verlag GmbH, Berlin 1998.
  • Harrison E. Salisbury: Der Lange Marsch. S. Fischer Verlag, Frankfurt am Main 1985, ISBN 3-10071-306-0.
  • Sun Shuyun: Maos langer Marsch. Propyläen Verlag, Berlin 2008, ISBN 3-54907-343-7.
  • Edgar Snow: Roter Stern über China. Fischer Taschenbuch Verlag, Frankfurt am Main. 1974, ISBN 3-59621-514-5.
  • Dick Wilson: Mao Tse-tungs langer Marsch 1935. Der Ursprung der Volksrepublik China. Heyne, München 1978, ISBN 3-453-48043-0.

Um Spaweck änneren

Commons: Laange Marsch – Biller, Videoen oder Audiodateien