D'Theodora Banica, gebuer 1988 a Rumänien als Theodora Bănică, huet den Titel Miss Benelux/Groussherzogtum Lëtzebuerg 2009 gewonnen.

Theodora Banica
Gebuer 1988
Aktivitéit Mannequin

Als gekréint Schéinheetskinnigin vum Miss BeNeLux Concours konnt d'Banica zesumme mat de Gewënnerinnen aus der Belsch an Holland am Hierscht 2009 beim Miss Earth Concours matmaachen. Hir Virgängerin war d'Nadia Pereira.

Virdru war d'Theodora Banica Miss Charme beim internationale Miss Balkana-Schéinheetsconcours ginn.