Theodor Fahr
De Karl Theodor Fahr, gebuer den 3. Oktober 1877 zu Pirmasens, a gestuerwen 1945, war en däitsche Patholog.
Theodor Fahr | |
---|---|
Gebuer | 1877 |
Gestuerwen |
1945 Hamburg |
Nationalitéit | Däitschland |
Educatioun | Justus-Liebig-Universität Gießen |
Aktivitéit | Universitéitsprofesser, Dokter |
De Fahr huet zu Giessen, zu München an zu Kiel Medezin studéiert. 1903 huet hie säin Doktorat zu Giessen gemaach. Am Joer 1919 gouf hie "planmässiger ausserordentlicher Professor", a 5 Joer drop uerdentleche Professer fir Pathologie a pathologesch Anatomie zu Hamburg.
A spéidere Joren huet hie sech besonnesch mat Nephrologie beschäftegt.
De Fahr-Syndrom ass no him genannt ginn.
De Patholog Fahr huet vun 1909 bis 1915 mam Klinicker Franz Volhard zu Mannheim enk zesummegeschafft a si hunn 1914 an hirer Monographie Die Bright'sche Nierenkrankheit, Klinik, Pathologie und Atlas eng nei Klassifizéierung vun den Nierekrankheete virgestallt.
Publikatiounen
ännerenTheodor Fahr / Franz Volhard: Die Brightsche Nierenkrankheit, 1940, Berlin, J. Springer
Fir ze liesen
änneren- A. Heidland, W. Gerabek a K. Sebekova: Franz Volhard and Theodor Fahr: achievements and controversies in their research in renal disease and hypertension, in: Journal of Human Hypertension, Januar 2001, Volume 15, Nummer 1, Säiten 5-16