The One

lëtzebuergesch Castingshow

The One ass eng lëtzebuergesch Castingshow, déi fir d'éischt Kéier am Juni 2012 op RTL Télé Lëtzebuerg gesent gouf. An dëser Sendung gëtt déi Persoun mat der beschter Gesanksstëmm vu Lëtzebuerg gesicht. Et ass d'Nofollegsendung vu Wanns de eppes kanns!. D'Show orientéiert sech um Format vun The Voice, dat vum Johann de Mol entwéckelt gouf an zanter 2010 a sëllege Länner (meeschtens ënner dem Titel "The Voice of [Numm vum Land]") gewise gouf a gëtt.

De Prinzip vun der Emission änneren

All Kandidat trëtt an engem Tounstudio anonym an onsichtbar virun enger Jury op, déi dann entscheet, wien an d'Virauswiel kënnt. Nëmmen d'Stëmm gët als Krittär geholl. Vun de 16 Kandidate gëtt jee ee Lidd opgeholl an d'Lidder ginn ënner engem Pseudonym e puer Wochen am Radio gespillt. Se kënnen och per Internet gelauschtert an och kaaft ginn. D'Leit kënne per SMS an duerch d'Kafe fir d'Lidder ofstëmmen.

Déi 8 bescht Kandidate kommen an d'Finall an eng Show, a wou all Kandidat 2 Lidder ka presentéieren. D'Zuschauer an der Hal an doheem kënne per SMS an iwwer d'Tële vun der Post de Gewënner wielen. Eréischt beim Sange vum zweete Lidd gëtt déi wierklech Identitéit vun de Kandidaten opgedeckt.

Presentéiert gouf déi éischt Sendung vum Bob Konsbrück an der Monica Semedo. De Gast Waltzing war zoustänneg fir d'Produktioun vun de Lidder am Tounstudio an zesumme mat senger Band fir d'musikalesch Begleedung bei der Live-Sendung, déi an der Rockhal war.

Jury änneren

Staffel Joer Jurymemberen
1 2012 Thorunn Egilsdottir Daniel Balthasar David Moreira Olivier Toth

Staffelen änneren

Éischt Staffel änneren

Fir déi éischt Staffel vun The One sinn am Abrëll 2012 am Ganzen zirka 400 Kandidaten ugetrueden. De 17. Abrëll ass vun der Jury decidéiert gi wien an d'Virauswal kënnt. Den 29. Mee ass no der Ofstëmmung follgend Resultat erauskomm:

Nr. Lidd Pseudonym Voting % Selektionéiert
1 Heavy Cross Gossip Girl 6.77 nee
2 Fallin' Fallin Alice 9.93 jo
3 Rolling in the Deep Little Blue 6.70 nee
4 One Night Only Jenny River 7.48 jo
5 Someone Like You Laurie Soul 10.00 jo
6 Valerie Miss Amy 5.28 nee
7 Angels Willy Stone 10.06 jo
8 You and I Stefani Sky 3.83 nee
9 Fever Peggy Groove 0.88 nee
10 I Wish I Was a Punk Rocker Sandy Pebble 9.84 jo
11 Je veux Baby Zaz 7.92 jo
12 Warwick Avenue Aimee Ann 8.52 jo
13 Recipe Queen Aura 9.90 jo
14 Stronger Than Me Jacky Funk 0.79 nee
15 Use Somebody Prince Leon 2.10 nee
16 --- opginn

An der Finall, enger Livesendung déi den 10. Juni sonndesowes an der Rockhal war, hu sech déi aacht Finaliste virun der Jury an dem Publikum presentéiert. Jiddwereen huet als éischt hanner engem Schierm, wou ee just d'Konture gesinn huet, säin éischt Lidd presentéiert. Gläichzäiteg konnt och scho per SMS ofgestëmmt ginn an den aktuelle Stand vun der Ofstëmmung ass och permanent ugewise ginn. Duerno huet all Kandidat sech kuerz virgestallt an huet dann en zweet Lidd gesongen. Duerno konnt weider ofgestëmmt ginn, et ass awer kee Resultat méi ugewise gi bis zum Schluss vun der Ofstëmmung. D'Jury hat keen Afloss méi op d'Endresultat. D'Resultater sinn du fir jiddweree bekannt gemaach ginn:

Plaz Pseudonym Numm Voting %
1 Willy Stone Armand Thies 18.37
2 Laurie Soul Nadine Rodrigues 16.59
3 Sandie Pebble Kim Girrens 13.84
4 Jenny River Laura Dumlich 13.52
5 Aimee Ann Debbie Kirsch 12.87
6 Baby Zaz Caroline Antoine 12.71
7 Fallin Alice Carina Araujo 7.33
8 Queen Aura Caroline Molitor 4.77

Um Spaweck änneren