The African Queen (Film 1951)

Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

The African Queen ass e brittesch-US-amerikanesche Film vum John Huston aus dem Joer 1951 nom Roman mam selwechten Numm vum C.S. Forester.

The African Queen
Film
Produktiounsland USA,
Vereenegt Kinnekräich
Première 1951
Dauer 105 min
Faarf Faarweg,
Schwaarz-Wäiss
  Technicolor
Format 1,37:1
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie John Huston
Dréibuch James Agee
John Huston
Fotografie Jack Cardiff
Musek Allan Gray
Schnëtt Ralph Kemplen
Produzent Sam Spiegel
Schauspiller
Humphrey Bogart als Charlie Allnutt
Katharine Hepburn als Rose Sayer
Robert Morley als Rev. Samuel Sayer
Peter Bull
Theodore Bikel
Walter Gotell
Peter Swanwick
Richard Marner
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

Am Éischte Weltkrich an Däitsch-Ostafrika liewen de Missionar Samuel Sayer a seng quiseleg 40 Joer al Schwëster Rose Sayer an engem klengen Duerf wäit ewech vun all Zivilisatioun. Dat Néidegst wat si brauche bréngt hinnen de raue Kanadier Charlie Allnutt mat sengem Schëff der African Queen mat. D'Duerf gëtt vun däitschen Zaldoten ugegraff a verbrannt. De Samuel Sayers stierft bei deem Ugrëff an d'Rose steet eleng do. D'Rose huet lo keng aner Wiel wéi mam Charlie um Schëff matzefueren. Am Ufank hunn d'Rose an den Charlie duerch hir komplett verschidde Charaktere vill Schwieregkeeten op deem klenge Schëff zesummen ze liewen…

Um Spaweck änneren