Théophile Schroell

lëtzebuergesche Journalist an Editeur

De Jean-Henri-Willibrord Theophile Schroell (oder Schröll), gebuer de 5. Mäerz 1829 zu Iechternach, a gestuerwen den 9. September 1893 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Journalist an Editeur.

Théophile Schroell
Gebuer 5. Mäerz 1829
Iechternach
Gestuerwen 9. September 1893
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist
Famill
Papp Joseph Antoine Schroell

Hien ass zu Dikrech opgewuess, huet de Lycée ofgeschloss an 1850 den Exame fir Schoulmeeschter gemaach. Ma gläich drop huet hien dës Karriär opgi fir Journalist bei der liberaler Lokalzeitung Der Wächter an der Sauer ze ginn, déi säi Papp, de Joseph Antoine Schroell, erausbruecht huet.

1857 goung e bei de Courrier du Grand-Duché de Luxembourg schaffen, vun deem en 1865 Proprietär gouf. An der Zeitung huet de Schroell sech géint de Klerikalismus vun der kathoulescher Kierch a géint déi méiglech Annexioun vu Lëtzebuerg duerch Frankräich ausgeschwat (kuckt: Lëtzebuerg-Kris), ma och Virwërf gekontert, e wier zevill preisefrëndlech. 1868 huet hie seng Redaktiouns- a Publikatiounsaktivitéiten nei organiséiert, de Courrier bis Enn des Joers ofgeschloss a komplett duerch d'Luxemburger Zeitung, déi den 9. Mäerz ugefaang huet.

D'Zeitung vum Schroell huet sech bei innepoliteschen Theemen u fortschrëttlech Positioune gehalen, an huet sech agesat fir de Bau vun enger Eisebunn am Land, de Bau vun engem neien Theater, fir d'Ouverture vun enger Universitéit, asw.

De Schroell hat fënnef Kanner. Säin Enkel ass de Pianist Hans Bruch.

Literatur änneren

Referenzen änneren

  1. Etat civil de la Ville de Luxembourg Décès an L'indépendance luxembourgeoise vum 16. September 1893 op eluxemburgensiua.lu