Théodore Goerens

lëtzebuergesche Schoulmeeschter a Professer

Den Théodore Goerens, gebuer den 10. Oktober 1817 zu Hollerech, gestuerwen de 7. Mee 1871 an der Stad Lëtzebuerg war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter a Professer.

Théodore Goerens
Gebuer 10. Oktober 1817
Hollerech
Gestuerwen 7. Mee 1871
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Pedagog

Den Théodore Goerens huet 1838 als Schoulmeeschter zu Esch-Uelzecht ugefaangen; 1844 ass hie Professer an der Normalschoul ginn[1], wou hien Däitsch an Naturgeschicht enseignéiert.

Hie war Grënnungsmember vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal[2] a beim Entstoe vun der Société de botanique[3] dobäi.

De Goerens ass den Auteur vun e puer pedagogesche Publikatiounen.

Literatur änneren

  • Anonymus 1997. Personnagen: Théodore Goerens. Lëtzebuerger Journal 1997 (10. Oktober), S. 17.
  • Fischer, Eugène, 1871. Professor Theodor Görens. Nekrolog. Luxemburg, P. Brück, 22 S.

Referenzen änneren

  1. Arrêté royal grand-ducal du 15 août 1844 concernant la nomination du directeur et des professeurs de l'école normale. "Le sieur Théodore Goerens, instituteur en chef à Esch-sur-l'Alzette, avec un traitement annuel de sept cents florins" (Mémorial 1844, N° 41, p. 442-443).
  2. Massard, J.A., 2000. Les origines de la Section des Sciences de l'Institut grand-ducal. In: Institut grand-ducal, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques, 1850-2000: Les sciences à l'aube du 21e siècle. Cycle de conférences du 12 octobre au 21 décembre 2000 au Centre Universitaire de Luxembourg. Luxembourg, S. 12.
  3. Massard, J.A., 1990. La Société des Naturalistes Luxembourgeois du point de vue historique. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 91, p. 16.