Agop Terzan
franséisch-armeeneschen Astronom
(Virugeleet vu(n) Terzan Agop)
Den Agop Terzan, gebuer den 31. Oktober 1927 zu Istanbul, ass e franséisch–armeeneschen Astronom. Hie krut de BA a Mathematik an Astronomie am Joer 1945 an de Master an Astronomie am Joer 1949. Am Joer 1965 huet hien op der Universitéit Lyon en Doktorat gemaach.
Agop Terzan | |
---|---|
Gebuertsnumm | Agop Nubar Terziyan |
Gebuer |
31. Oktober 1927 Istanbul |
Gestuerwen | 4. Abrëll 2020 |
Nationalitéit | Tierkei, Frankräich |
Educatioun | Universitéit vu Lyon |
Aktivitéit | Astronom |
Member vun | International Astronomesch Unioun |
Den Terzan ass Member vum French National Astronomy Committee a vun der Internationaler Astronomescher Unioun.
An den 1960er-Joren huet den Terzan 710 verännerlech Stäree an eelef Kugelstärekéip entdeckt, déi no him genannt sinn:Terzan 1, Terzan 2, Terzan 3, Terzan 4, Terzan 5, Terzan 6, Terzan 7, Terzan 8, Terzan 9, Terzan 10 an den Terzan 11. An de Joren derno entdeckt hie weider 4430 verännerlech Stären, 158 diffus Niwwelen, 124 Galaxien an 1428 Stäre mat héijer Eegebeweegung.