Tapis Hertz

lëtzebuergesch Entreprise am Eenzelhandel

Tapis Hertz, gegrënnt ënnert dem Numm Rodolphe Hertz, war e bekannten Teppech- a Textilbuttek an der Groussgaass an der Stad Lëtzebuerg. Butteker vun Tapis Hertz bestinn nach op der Helfenter Bréck an an der Belle Étoile.

Tapis Hertz
Typ Sàrl
Grënnungsdatum 1946
als Gesellschaft den
21. Februar 1984[1]
Sëtz 44, Groussgaass
L-1660 Lëtzebuerg
Lëtzebuerg
Leedung Nathalie Aach
Mataarbechter 30[2]
Branche Eenzelhandel
Produit Teppecher, Textilien
Homepage tapishertz.lu
Annonce am Escher Tageblatt (1948)
Annonce am Luxemburger Wort (1949)

Geschicht änneren

Den éischte Buttek vum Rodolphe Hertz a senger Fra goung 1946 um 1. Stack vum Gebai À la Bourse, um Eck Groussgaass / Gruef vis-à-vis vun der Maison Moderne op. Am Mee 1949 ass de Buttek op Nummer 34 vun der Groussgaass geplënnert, wou en dunn och schonn op zwéi Stäck etabléiert war. 1963 ass e vum Guy Aach a senger Fra Danielle Hertz, enger Niess vum Firmegrënner, iwwerholl ginn.

Nodeems de Buttek Vogue op 44 an der Groussgaass opgehalen hat, huet Tapis Hertz sech do, um Eck mat der Kapuzinergaass, néiergelooss. D'Geschäft konnt op véier Stäck vergréissert ginn a huet seng Gamme vergréissert; et goufe vun do un och Dicher, Riddoen, Bettgezei asw. ugebueden.

2003 huet d'Nathalie Aach d'Gerance vum Buttek vun hiren Elteren iwwerholl, déi dunn 2013 an d'Pensioun goungen. 2013 huet Tapis Hertz en zousätzleche Buttek an der Belle Étoile opgemaacht.

2019 huet Tapis Hertz de Buttek an der Groussgaass zougemaach.

Biller änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Tapis Hertz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. ageschriwwen am Handelsregëster als Tapis Hertz sàrl ënnert der Nummer B21298
  2. gekuckt op editus.lu de 14. Juli 2019