Nathalie Aach

lëtzebuergesch Geschäftsfra


D'Nathalie Aach, gebuer de 4. Mäerz 1969 an der Stad[1], ass eng lëtzebuergesch Geschäftsfra. Si ass zanter 2013 d'Gerante vun Tapis Hertz.

Nathalie Aach
Gebuer 4. Mäerz 1969
Lëtzebuerg
Aktivitéit Geschäftspersoun
Famill
Papp Guy Aach

Karriär änneren

No hirer Première zu Lëtzebuerg huet si zu Paräis e BTS Action commerciale gemaacht an Innenarchitektur studéiert[2].

Si huet 1994 ugefaangen an der Entreprise vun hiren Elteren ze schaffen an ass Enn 2002 Co-Gerante ginn[3]. Den 1. Februar 2004 huet hire Papp sech aus der Gerance vun der Firma zeréckgezunn an d'Nathalie Aach huet d'Leedung eleng iwwerholl[4]. Op hir Initiativ ass 2013 en zousätzleche Buttek an der Belle Étoile opgemaach ginn. Am selwechte Joer sinn hir Elteren no 50 Joer Schaffen an d'Pensioun gaangen.

Am Summer 2019 huet si bekannt ginn, datt d'Geschäft an der Groussgaass géif zougemaach ginn.

Privatliewen änneren

D'Nathalie Aach ass d'Duechter vum Guy Aach an der Danielle Hertz. Si ass gescheet a Mamm vun zwee Kanner[5].

Referenzen an Notten änneren

  1. Mise à jour du dossier - Tapis Hertz, vum 13. November 2012 ënnert der Nummer B21298 am Handelsregëster, gekuckt op lbr.lu de 14. Juli 2019
  2. Les tapis d'Aladin et les trésors d'Ali Baba op cc.lu den 13. Dezember 2017, gekuckt de 14. Juli 2019
  3. Extrait des résolutions des associés du 16.12.2002 - Tapis Hertz, ënnert der Nummer B21298 am Handelsregëster, gekuckt op lbr.lu de 14. Juli 2019
  4. Modification - Tapis Hertz, den 2. Februar 2004 ënnert der Nummer B21298 am Handelsregëster, gekuckt op lbr.lu de 14. Juli 2019
  5. Nathalie Aach : « À quoi bon ruminer et focaliser sur des échecs ? Il faut positiver et aller de l'avant ! » op femmesmagazine.lu den 31. August 2017, gekuckt de 14. Juli 2019