D'Talspär vun Nisramont (op Franséisch Barrage de Nisramont oder och nach Barrage de l'Ourthe) gouf tëscht 1953 a 1958 gebaut. Si steet um Laf vun der Ourthe net wäit ewech vu Nisramont, engem klengen Duerf bei La Roche a Wallounien an der Belsch.

Talspär vun Nisramont

Et ass eng Gewiichtsstaumauer aus Bëtong mat enger Héicht vu 16 Meter. D'Krounelängt vun der Mauer ass 116 m an am Séi virdru kënnen 3.000.000 m3 Waasser zeréckgehale ginn.

Dëst Stauwierk gëtt benotzt fir Stroum ze produzéieren a fir Héichwaasser opzefänken.

Literatur

änneren
  • Ministère Wallon de l'Équipement et des Transports: Le Barrage de l'Ourthe, Prospekt.