Take a Hard Ride
Film vum Antonio Margheriti (1975)
Take a Hard Ride ass e Spaghetti-Western vum Antonio Margheriti vun 1975 mat an den Haaptrollen den Jim Brown, Lee Van Cleef, Fred Williamson an Jim Kelly.
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Italien, Vereenegt Staate vun Amerika |
Première | 30. Juli 1975 |
Dauer | 103 min |
Faarf | Faarweg |
DeLuxe Color | |
Originalsprooch | Englesch |
Ekipp | |
Regie | Antonio Margheriti |
Dréibuch | Eric Bercovici |
Fotografie | Riccardo Pallottini |
Musek | Jerry Goldsmith |
Schauspiller | |
Lee Van Cleef, Jim Brown, Fred Williamson, Catherine Spaak, Jim Kelly, Barry Sullivan, Dana Andrews, Harry Carey, Robert Donner, Ronald Howard, Hal Needham, Buddy Joe Hooker | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ëm wat geet et am Film?
ännerenDe Pike (Jim Brown), Viraarbechter vum Véiziichter Bob Morgan (Dana Andrews), soll nom Doud vu sengem Chef 86.000 Dollar iwwer d'Grenz op d'Morgan Ranch zu Sonora a Mexiko bréngen. Hien deet sech mam Kaartespiller Tyree (Fred Williamson) zesummen. Déi zwéi probéieren d'Suen iwwer d'Grenz ze bréngen an hunn dobäi eng Hellewull Banditten, déi hinnen d'Geld wëlle klauen, op de Fierschten. Dorënner sinn och de skrupellose Kappgeldjeeër Kiefer (Lee Van Cleef) an de korrupte Sheriff Kane (Barry Sullivan)