TER Alsace
Den TER Alsace ass e Reseau fir de Regionaltrafic vum Typ (TER) deen am Elsass vun der SNCF exploitéiert gëtt. Nieft dem Zuchreseau existéiert och nach e Busreseau deen den Zuchreseau op verschiddene Strecken ergänzt, an zwar do wou d'Schinnen dacks schonn net méi leien oder wou sech eng Exploitatioun iwwer d'Schinn net rentéiert.
De Reseau transportéiert eng 60.000 Reesender pro Dag.
Entstanen ass de Reseau als "Metralsace" deen an den 1980er Joren nom Beispill vum loutrengesche Métrolor entwéckelt gouf.
Säit 1997 leescht d'TER Alsace Pionéieraarbecht an der Regionalisatioun vum ëffentlechen Transport. Konzepter wéi den TER 200 dee Stroossbuerg mat 200 Kilometer an der Stonn mat den Agglomeratioune vu Colmar, Mulhouse a Basel verbënnt si wegweisend fir den Transport tëscht moderne Groussstied.
Streckennetz
ännerenStrecken op der Schinn
änneren- Stroossbuerg - Sélestat - Colmar - Mulhouse - Saint-Louis - Basel (TER 200)
- Colmar - Turckheim - Munster - Metzeral
- Stroossbuerg - Haguenau - Niederbronn
- Stroossbuerg - Bischheim - Lauterbourg - Woerth
- Mulhouse - Altkirch - Belfort
- Mulhouse - Cernay - Thann - Kruth
- Sarreguemines - Sarralbe - Sarre-Union
- Stroossbuerg - Haguenau - Wissembourg
- Wissembourg - Neustadt
- Stroossbuerg - Kehl - Offenburg (Metro-Rhin)
- Stroossbuerg - Saverne - Metz
- Stroossbuerg - Fluchhafen Entzheim - Molsheim - Saales - Saint-Dié
- Stroossbuerg - Fluchhafen Entzheim - Molsheim - Obernai - Barr - Sélestat
- Stroossbuerg - Saverne - Sarrebourg - Lunéville - Nanzeg
- Stroossbuerg - Obermodern-Zutzendorf - Sarreguemines - Saarbrécken
Busstrecken
änneren- Cernay - Sewen
- Colmar - Turckheim - Munster - Metzeral
- Colmar - Volgelsheim
- Haguenau - Niederbronn - Bitche
- Haguenau - Obermodern-Zutzendorf - Saverne
- Ingwiller - Wimmenau - Lichtenberg
- Mommenheim - Obermodern-Zutzendorf
- Sarrebourg - Saverne
- Sarre-Union - Sarrebourg
- Frohmuhl - Obermodern-Zutzendorf - Saverne
- Sélestat - Sainte-Marie-aux-Mines - Saint-Dié
- Obermodern-Zutzendorf - Bouxwiller
Material am Asaz
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Train stations in Bas-Rhin – Biller, Videoen oder Audiodateien |