Tëschent den Zeilen ass e Roman op Lëtzebuergesch vum Jhemp Hoscheit, deen 2022 bei Kremart Editions hirer Serie Kanephora erauskoum.

Tëschent den Zeilen
Auteur Jhemp Hoscheit
Säiten 295
Erauskomm 2022

Ëm wat geet et am Roman? änneren

De Roman thematiséiert d'Liewe vun der Famill Gelser tëscht dem Mäerz an dem Juni 2020, an der Zäit vum Confinement nom Ausbroch vun der COVID-19-Pandemie zu Lëtzebuerg. De Papp ass Auteur, d'Mamm schafft bei enger Assurancë-Gesellschaft, an d'Lena, hir Duechter, ass eng Schülerin am Teenager-Alter. Allen Dräi musse s'ewell hiren Alldag op ongewinnt Manéier vun doheem aus bewältegen, wat net ëmmer evident ass...