Superstärekoup
Superstärekéip si Kéip vun Honnertdausende vu jonke Stären an engem Gebitt vun e puer Parsec. Dobäi ioniséieren déi jonk masseräich Stären dacks d'H-II-Regioune ronderëm, grad wéi an eiser Mëllechstrooss sougenannt Ultra dense H-II regions (UDHIIs).[1]
Iwwersiicht
ännerenNormalerweis entsti Stären a klenge Gruppen, dacks a sougenannte Oppene Stärekéip, déi an der Reegel e puer honnert Stären hunn. D'Astronome ginn haut dovun aus, datt och eis Sonn viru 4,5 Milliarde Joer a sou enger Ëmgéigend entstanen ass. Méiglecherweis entwéckele sech Superstärekéip mat fortgeschrattenem Alter vun hire Stären, weider zu Kugelstärekéip. Als besonnesch Charakteristik gëllt hir héich Elektronendicht vun – K cm .[2] Superstärekéip representéieren déi extremst Ëmgéigend, an där Stären a Planéiten iwwerhaapt entstoe kënnen. Et fënnt ee se dacks a Starburstgalaxien.
Beispiller
ännerenE Superstärekoup an eiser Galaxis ass de Westerlund 1.[3] Westerlund 1 huet Honnerte vu masseräiche Stären. E puer vun hinnen hunn eng bis zu 1 milliounefach Sonneliichtkraaft a ronn 2.000 Sonnenduerchmiesser, wat ongeféier enger Ausdeenung bis zum Saturnorbit entsprécht. E weidert Beispill an der galaktescher Noperschaft ass den R136 am Tarantelniwwel vun der Grousser Magellanescher Wollek, eng Zwerggalaxie déi d'Mëllechstrooss ëmkreest.[4]
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- Bléck op Starburst-Geschicht vun enger Galaxie, op astronews.com, 3. Abrëll 2011.
- Nei Rätsel ëm Schwaarz Lächer: Astronome stelle gängeg Theorien a Fro, Scienexx/Springer, 3. Abrëll 2011.
Referenzen
änneren- ↑ Signatures of the Youngest Starbursts: Optically Thick Thermal Bremsstrahlung Radio Sources in Henize 2-10, ADSABS Harvard Unisersity, 3. März 2011
- ↑ Extragalactic Ultracompact HII Regions: Probing the Birth Environments of Super Star Clusters, ADSABS Harvard University, 3. März 2011
- ↑ Erster Supersternhaufen in unserer Galaxis entdeckt, Raumfahrer.net, 2. April 2004
- ↑ Supersternhaufen R136 auf meta-evolutions.de, 3. April 2011