Sulcus (Exogeologie)
Als Sulcus (laténgesch fir Rill, Gruef), Plural Sulci ginn an der Planetologie linnefërmeg Strukture vu Grief a Rille bezeechent. Si triede meeschtens bei den Äismounde vun de baussenzege Planéiten op, wou se dacks breet Systemer vu flaache Grief bilden, déi parallel verlafen an en ettlech 1000 km laang kënne sinn.
De Begrëff gëtt bei follgenden Himmelskierper gebraucht: um Mars, um Jupitermound Ganymed, um Saturnmound Enceladus, um Uranussattelit Miranda an um Neptunmound Triton.
Si hu sech an der Fréizäit vun dësen Himmelskierper duerch horizontal Verrécklung vu Kuuschtendeeler gebilt a stellen eng Aart vun Trennrille duer.
D'Bänner vu méi breede Sulci hunn dacks ënnerschiddlech Albedoen, wouduerch s'op Fotoe vun de Raumsonden däitlech opfalen. Verschiddener verlafe queesch iwwer d'Grenzen tëscht alen a jonke Regiounen, beispillsweis den Uruk Sulcus um Jupitermound Ganymed.
Déi kleng Déift vu ville Sulci hänkt mam poréise Kuuschtematerial (haaptsächlech Waasseräis mat nëmmen engem klenge Gestengsundeel) zesummen, dat déi Rille vun ënnen hier deelweis nees opgefëllt huet.
Literatur
änneren- Patrick Moore et al.: Atlas des Sonnensystems (Kapitel Jupitermonde). 465 S., Herder-Verlag Freiburg-Basel-Wien 1986
- Heather Couper, Robert Dinwiddie et al.: Die Planeten. Eine Reise durch unser Sonnensystem (Kapitel Ganymed). 256 S., Verlag Dorling Kindersley, München 2015
- R.Pappalardo, R.Neukum et al.: Grooved Terrain on Ganymede: First Results from Galileo High-Resolution Imaging. Icarus 135/1, Elsevier 1998