Streckeisen (Gebai)

"Streckeisen" (2015)

Ënnert dem Numm Streckeisen ass en Haus um Bord vum Plateau Bourbon am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg bekannt. Et läit um Dräieck tëscht dem Boulevard de la Pétrusse, der Goethestrooss an der Michel-Welter Strooss a krut den Numm well d'Form vum Gebai un e Streckeisen erënnert.

HistoreschesÄnneren

D'Haus gouf 1907 no de Pläng vum Architekt Jean Guill am Jugendstil gebaut.

GebaiÄnneren

Well et op enger enker dräieckeger Parzell gebaut gouf ass et eppes Besonnesches zu Lëtzebuerg. An enger Nisch an der Fassad zur Säit vun der Michel-Welter Strooss steet eng Häerz-Jesu-Statu[1].

Vum Mäerz 1990 bis 1993 war d'Redaktioun vun der Wochenzeitung Gréngespoun (haut woxx) am Streckeisen installéiert[2].

Hautdesdaags gehéiert d′Streckeisen der Gemeng Lëtzebuerg an et sinn eng Dosen Zëmmere fir Uni-Studenten dran amenagéiert.

BillerÄnneren

LiteraturÄnneren

Antoinette Lorang, 1995, „Ein Haus von Format: das "Streckeisen": 72, boulevard de la Pétrusse“, am Tageblatt Nr. 125 vum 1. Juni 1995, S. 7

Um SpaweckÄnneren

Commons: Streckeisen – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Streckeise-Gebaier soss duerch d'Welt – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an NottenÄnneren

  1. Christian Aschman, Joanna Grodecki, Robert L. Philippart Lëtzebuerg moderne: Liebeserklärung an die Hauptstadt Säit 171, Édition Maison Moderne, 2013, ISBN 978-99959-33-07-4]
  2. Chronologie (D) op der Internetsäit vun der Wochenzeitung woxx; fir d'lescht gekuckt den 3. Dezember 2014.