Gorgonen

(Virugeleet vu(n) Stheno)

D'Gorgonen (gr. γοργόνες, gorgónes), an der Eenzuel Gorgo (gr. Γοργώ, gorgó), sinn dräi Duechtere vum Phorkys a Keto an heesche Stheno (déi déi ëmhirsträift), Euryale (déi Kraaftvoll) a Medusa (déi déi herrscht).

Medusa gemoolt vum Caravaggio

An der griichescher Mythologie si si Schreckgestalte mat gëllene Flilleken, Schlaangenhoer a laange Räisszenn déi jiddwereen dee se ukuckt verstengert hunn. D'Medusa war déi eenzeg vun deenen dräi déi stierflech war an ass vum Perseus gekäppt ginn. Hire Kapp huet de Perseus der Athene duerbruecht.

Dem Hesiod no hunn d'Gorgone beim Ozean um westleche Bord vun der Äerd gelieft an den Agank zur Ënnerwelt bewaacht. Ursprénglech sollen d'Gorgone wonnerschéi gewiescht sinn. Mä nodeem d'Medusa awer vum Athene an engem vun hiren Tempele mam Poseidon erwëscht ginn ass, huet si se an en Ongeheier verwandelt, zesumme mat hiren zwou Schwësteren déi dem Medusa d'Parti gehalen hunn.

E Steekapp oder d'Bild vun enger vun de Gorgonen ass dacks virun Tempelen oder Griewer, souwéi och op de Schëlter vun Zaldoten, fir d'Muecht vum Béisen ofzewieren. De Kapp ass och op ale Mënzen aus Athen ofgebilt ginn.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck änneren

Commons: Gorgonen – Biller, Videoen oder Audiodateien