Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Steve Greisch gebuer den 8. Abrëll 1970 ass e lëtzebuergeschen Jazz-Alt-Saxophonist.

Steve Greisch
Gebuer 8. Abrëll 1970
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Museker

Ausbildung änneren

1978 huet hien am Escher Conservatoire ugefaange mat Solfège a Saxophon. 1990 huet hie vum klasseschen op den Jazz eriwwergewiesselt. Hien huet fir d'éischt am Stater Conservatoire beim Jeroen Van Herzeele a beim Erwin Vann studéiert, éier hien op Esch bei den George Letellier a bei den Ernie Hammes gewiesselt huet. Do huet hien 1999 säi Prix Supérieur am Jazz gemaach. Hie spillt ënner anerem Sopran-, Alt-, Tenor- a Barytonsaxophon, Flütt a Klarinett.

Hie war och bei Jazzworkshope mat follgende Leit: Jiggs Whigham, Hervé Letor, Frank Spaniol, Mike Dubianewicz, Claudio Roditi, Eric Alexander, der Carla Bley, Steve Swallow, Bob Mintzer.

Hien huet ë. a. mam Jiggs Whigham, Bob Mintzer, Andrea Toffanelli, Phil Abraham a Slide Hampton zesumme gespillt.

2007 huet hie Latin Percussion a Conga beim Jérôme Goldschmidt studéiert.

De Steve Greisch schafft als Infirmier-Anesthesist am Centre Hospitalier Émile Mayrisch zu Esch-Uelzecht an en ass President vun der Associatioun Luxembourg Life Support, déi sech ëm d'Ausbildung an d'Formation continue vun den Anesthesiste këmmert, sief et ëm Dokteren oder Infirmieren, a vun all Rettungspersonal dat um SAMU, zu Lëtzebuerg schafft.

Hien ass och nationale Coordinateur vum Pre Hospital Trauma Life Support, dem PHTLS zu Lëtzebuerg.

Gruppen änneren

De Steve huet ënner anerem a follgende Gruppe matgespillt (oder spillt nach ëmmer):

  • Big Band Opus 78
  • Big Band Spectrum
  • Big Band vum Conservatoire Letzebuerg
  • Big Band vum Conservatoire Esch/Alzette
  • Zen and the Art of Motrorcycle Repairing
  • Blues Women and Whiskey
  • Parc Café
  • Salsabor
  • Luxembourg Jazz Orchestra
  • Lifestyle