D'Big Band Spectrum, kuerz och Spectrum, ass eng lëtzebuergesch Big Band, déi 1976 vu Museker aus der Fanfare Hunchereng-Näerzeng ënner dem Numm Dixie-Sound gegrënnt gouf. D'Big Band huet ufanks ausschliisslech Dixieland-Musek gespillt. Wéi se 1980 hire musikalesche Spektrum op aner Museksstiler erweidert huet, huet d'Big Band hiren Numm op Big Band Spectrum geännert.

Spectrum
Land Lëtzebuerg

D'Big Band besteet aus 18 Museker an engem Sänger (Stand 2023):

  • ee Sänger;
  • Rhythmussektioun: (ee Gittarist, ee Keyboard, ee Bassist an ee Batteur);
  • fënnef Saxophonisten;
  • fënnef Posaunisten;
  • véier Trompettisten.

Zanter 1976 ass d'Big Band Spectrum am Land an am Ausland ënnerwee an huet ëm déi 800 Concerte gespillt. Iwwer mëttlerweil 46 Joer hu verschidden Dirigenten d'Big Band gefouert an domat hunn och déi verschidde Stiler vun der Musek geännert. Doduerch huet d'Big Band e grousse Programmsspektrum kritt, dee vun traditioneller Big-Band-Musek, bis hin zu méi funky Big Band Sounds, bekannte Songs vu bekannten Interpreten, an engem moderne Big-Band Kleed verpakt, reecht.

Dirigenten änneren

  • 1976-1978: Marco Pütz
  • 1978-1983: Nico Eich
  • 1983-1990: Jean-Marie Thoss
  • 1990-1995: Ernie Hammes
  • 1995-2007: Marc Desorbay
  • 2007-2010: Dorel Dorneanu
  • 2010-2014: Christian Klinkenberg
  • 2014-2020: Markus Willems
  • 2020-2022: Jacques Reuter
  • 2022-haut: Christian Klinkenberg

Um Spaweck änneren

Notten änneren