Steemeteorit

(Virugeleet vu(n) Stengmeteorit)

Steemeteoritte bestinn haaptsächlech aus Pyroxen-, Olivin- a Plagioklas-Mineralen; 94 % vun alle Meteoritte si Steemeteoritten.[1] An de meeschte Steemeteoritte si kleng Schmëlzkugelen, sougenannt Chondren, a si ginn dofir als Chondritte bezeechent. Si maache mat 86 % vun alle Meteoritten de gréissten Deel aus. Steemeteoritten ouni Chondre ginn Achondritte genannt; si kommen mat engem Undeel vun dräi Prozent vun alle Meteoritten zimmlech rar vir.

Brochstéck vum Steemeteorit NWA 869

Obwuel Steemeteoritte méi dacks virkomme wéi Eisemeteoritten, si Steemeteoritte méi schwéier z'identifizéieren, well si ierdesche Steng gläichen a méi séier verwittere wéi Eisemeteoritten. Eng objektiv Bestëmmung vun Heefegkeet ass dofir an ongewéinlecher Ëmgéigend wéi an der Antarktis oder a Steppegebidder mat wéineg Steng, wéi Deeler vum US-Bundesstaat Kansas, méi einfach.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Referenzen änneren

  1. Mineralienatlas:Steinmeteorit

Um Spaweck änneren