Stanley Clinton-Davis

brittesche Politiker

De Stanley Clinton-Davis, Barong Clinton-Davis (PC), gebuer Stanley Clinton Davis de 6. Dezember 1928 zu London a gestuerwen den 11. Juni 2023, war e brittesche Politiker (Labour Party) an Affekot.

Stanley Clinton-Davis
Gebuer 6. Dezember 1928
London
Gestuerwen 11. Juni 2023
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun King’s College London,
Mercers' School,
The Dickson Poon School of Law
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei Labour Partei
Member vun Parlamentaresch Versammlung vum Europarot
Famill
Bestuet mat Frances Jane Lucas
Papp Sidney Davis
Kanner Joanna Davis, Henry Davis, Susanna Davis, Melissa Davis

Hien huet um King's College zu London Droit studéiert a gouf 1953 Affekot. Hien huet sech fréi an der Politik engagéiert a gouf Gemengeconseiller, dono Buergermeeschter vun Hackney.

Hie gouf 1970 an d'House of Commons gewielt. 1974 bis 1979 war hien Ënner-Staatssekretär fir Transport an de Regierunge vum Harold Wilson an James Callaghan.

1985 bis 1989 war hien europäesche Kommissär fir Transport, Ëmwelt an nuklear Sécherheet an der Kommissioun Delors I.

1990 gouf hien zum Member vum House of Lords op Liewenszäit ernannt.

1997 gouf hien nach eng Kéier Minister, zoustänneg fir Handel an der éischter Regierung vum Tony Blair.

2018 huet hie sech aus dem House of Lords zeréckgezunn.