De Stanislav Gross, gebuer den 30. Oktober 1969 zu Prag an och do de 16. Abrëll 2015 gestuerwen, war en tschechesche sozialdemokratesche Politiker. Hie war vum 19. Juli 2004 bis de 25. Abrëll 2005 Premierminister vun der Tschechescher Republik.

Stanislav Gross
Gebuer 30. Oktober 1969
Prag
Gestuerwen 16. Abrëll 2015
Doudesursaach Amyotroph Lateral Skleros
Nationalitéit Tschechesch Republik, Tschechoslowakei
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei ČSSD

De Gross huet op der Karlsuniversitéit Prag Droit studéiert, an duerno op der Westbéimescher Universitéit säin Ofschloss gemaach. Vun 2000 u war hien Inneminister an der Regierung vum Miloš Zeman. Wéi de Vladimír Špidla 2004 zeréckgetrueden ass, gouf de Gross dee bis dohi jéngste Premier vun Tschechien. Mä schonn 2005 huet hie wéinst Onkloerheeten iwwer d'Finanzéierung vu sengem Appartement an iwwer d'Geschäfter vu senger Fra Šárka Grossová missen zerécktrieden.

Duerno huet de Gross als Affekot geschafft.

Hien ass mat 45 Joer un der Nervekränkt Amyotroph Lateral Skleros (ALS) gestuerwen.

Um Spaweck änneren

Commons: Stanislav Gross – Biller, Videoen oder Audiodateien