Stan Getz

US-amerikaneschen Jazz-Museker

De Stanley Gayetzsky, besser bekannt als Stan Getz, gebuer den 2. Februar 1927 zu Philadelphia an den USA, a gestuerwen de 6. Juni 1991 zu Malibu, war en US-amerikaneschen Jazz-Tenorsaxophonist.

Stan Getz
Gebuertsnumm Stanley Gayetsky
Gebuer 2. Februar 1927
Philadelphia
Gestuerwen 6. Juni 1991
Malibu
Doudesursaach Liewerkriibs
Nationalitéit USA
Aktivitéit Saxophonist, Jazzmuseker, Komponist

Joerzéngte laang huet de Getz a ville Big Bands gespillt, dorënner déi vum Jack Teagarden, Stan Kenton, Jimmy Dorsey a vum Woody Herman.

Weltbekannt gouf de Getz duerch seng populär Bossa nova-Disken, wéi Desafinado zesumme mam Gittarist Charlie Byrd. Säi gréissten Erfolleg hat de Getz mat The Girl fom Ipanema vum Antonio Carlos Jobim, e Lidd, dat de Creed Taylor am Mäerz 1963 zu New York produzéiert huet.

No senger Latin-Jazz-Phas huet de Getz sech nees méi dem Jazz zougedréit.

De Stan Getz ass 1991 gestuerwen, hie war 64 Joer al ginn.

Wierker änneren

  • The Girl from Ipanema (Garota de Ipanema) (geschriwwe vum Antonio Carlos Jobim, Vinicius de Moraes an Norman Gimbel).

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Stan Getz – Biller, Videoen oder Audiodateien