João Gilberto

brasilianesche Sänger

De João Gilberto, gebuer den 10. Juni 1931 als João Gilberto Prado Pereira de Oliveira zu Juazeiro, Bahia, a gestuerwen de 6. Juli 2019 zu Rio de Janeiro, war e brasilianesche Gittarist, Sänger a Komponist, deen nieft dem Antônio Carlos Jobim als Erfinder vun der Bossa Nova gëllt.

João Gilberto
Gebuertsnumm João Gilberto Prado Pereira de Oliveira
Gebuer 10. Juni 1931
Juazeiro
Gestuerwen 6. Juli 2019
Rio de Janeiro
Nationalitéit Brasilien
Aktivitéit Sänger, Gittarist, Lidderschreiwer, Jazzmuseker, Jazzgittarist, Discographesche Kënschtler
Famill
Bestuet mat Astrud Gilberto, Miúcha
Kanner Bebel Gilberto

De luese Gesang an de Rhythmus vu sengem Gittarspill si charakteristesch fir dem Gilberto seng Musek.

Op sengem Debüt-Album (1959) Chega de Saudade (No more Blues) huet hie mam Jobim zwee Stécker opgeholl, an anerer op där Plack, wéi Desafinado a Samba de uma nota só (One Note Samba), goufen herno Standarden. 1963 huet hien zesumme mam Jobim, mat senger Fra, der Sängerin Astrud Gilberto, a mam Saxophonist Stan Getz zu New York den Album Getz/Gilberto opgeholl, op deem d'Stéck The Girl from Ipanema ass an deen d'Museker an d'Bossa Nova weltbekannt gemaach huet. 1980 as hien hannescht a Brasilien gaangen.

Discographie änneren

  • 1959: Chega de Saudade (Odeon)
  • 1960: O Amor, o Sorriso e a Flor (Odeon)
  • 1961: João Gilberto (Odeon)
  • 1962: The Boss of the Bossa Nova (Atlantic)
  • 1963: The Warm World of João Gilberto (Atlantic)
  • 1964: Getz/Gilberto (Verve)
  • 1965: Herbie Mann & João Gilberto (Atlantic)
  • 1974: João Gilberto en Mexico (PolyGram)
  • 1976: Best of Two Worlds (Columbia)
  • 1977: Amoroso (Warner Brothers)
  • 1981: Brasil (Warner Brothers)
  • 1986: João Gilberto Live in Montreux (WEA)
  • 1991: João (PolyGram)
  • 2000: João Voz e Violão (Universal)
  • 2002: Live at Umbria Jazz (Egea)
  • 2004: João Gilberto in Tokyo (Verve)
  • 2007: João Gilberto for Tokyo (Japan Universal)
  • 2015: Um encontro no Au bon gourmet (Doxy)
  • 2015: Selections from Getz/Gilberto ’76 (Resonance)
  • 2016: Getz/Gilberto 76 (Resonance)

Literatur änneren

  • Marc Fischer: Hobalala. Auf der Suche nach Joao Gilberto. Rogner & Bernhard, Berlin 2011, ISBN 978-3-8077-1072-3.

Um Spaweck änneren

Commons: João Gilberto – Biller, Videoen oder Audiodateien