Spuenesch Peseta

fréier Wärung vu Spuenien

D'Spuenesch Peseta (ESP) war vum 19. Oktober 1868 bis den 31. Dezember 2001 déi offiziell Wärung vu Spuenien. Si gouf den 1. Januar 2002 duerch den Euro ersat, nodeems Spuenien der Eurozon bäigetruede war.

1 Peseta (1988)

1 Peseta war an 100 Céntimos (Cent) ënnerdeelt.

Geschicht

änneren

D'Spuenesch Peseta gouf 1868 als Wärung agefouert an huet den deemolege Spueneschen Escudo ofgeléist. D'Peseta huet 1918 u Wäert verluer a sech eréischt ënner der Diktatur vum Francisco Franco erëm normaliséiert.

Wéi den Ëmtoschwäert zum Euro festgeluecht gouf, gouf dee mat 1 EUR  = 166,386 ESP fixéiert.

Mënzen

änneren

Serie vun 1989

änneren
Lescht Serie an Zirkulatioun (1989-2001)
Wäert Avers Revers Alliage Diameter Gewiicht Bord Bild
1 peseta Juan Carlos I. Wope vu Spuenien Aluminium 14 mm 0,55 g glat  
5 pesetas Abstrakt
Autonom Communautéiten
Abstrakt
Spuenesch Monumenter
Bronze-Aluminium 17,50 mm 3 g glat  
10 pesetas Juan Carlos I. Wope vu Spuenien Koffer-Néckel 18,50 mm 4 g mat Rillen  
25 pesetas Juan Carlos I.
Autonom Communautéiten
a Stied
Spuenesch Monumenter Bronze-Aluminium 19,50 mm 4,25 g glat  
50 pesetas Juan Carlos I.
Juan de Herrera
Autonom Communautéiten
Spuenesch Monumenter
Juan Carlos I.
Spuenesch Monumenter
Koffer-Néckel 20,50 mm 5,60 g Bléiefërmeg  
100 pesetas Spuenesch Monumenter
Wope vu Spuenien
Hispania
Juan Carlos I. Bronze-Aluminium 24,50 mm 9,25 g mat Rillen  
200 pesetas Monumenter vu Madrid
Spuenesch Perséinlechkeeten
Juan Carlos I.
Sofia vu Gricheland
PSpunesch Perséinlechkeeten
Koffer-Néckel 25,50 mm 10,50 g ofwiess. glat a gerillt  
500 pesetas Wope vu Spuenien Juan Carlos I. vu Spuenien
Sofía vu Griicheland
Bronze-Aluminium 28 mm 12 g mat Rillen  

Billjeeën

änneren

Serie vun 1992

änneren
Lescht Serie an Zirkulatioun (1992-2001)
Wäert ofgebilt (Recto/Verso) Haaptfaarf Dimensiounen Bild
1000 pesetas Hernán Cortés
Francisco Pizarro
Gréng 65 × 130 mm  
2000 pesetas José Celestino Mutis Rout 78 × 158 mm  
5000 pesetas Christoph Kolumbus Brong 71 × 146 mm  
10 000 pesetas Juan Carlos I.
Jorge Juan
Gro 74 × 154 mm  

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Spuenesch Peseta – Biller, Videoen oder Audiodateien