Soller Baach
D'Soller Baach ass e Waasserlaf am Éislek.
Längt | 5.600 m |
---|---|
Hydrographesche Baseng | Rhäin |
Originn | |
Originn | Quell |
Plaz | Naturschutzgebitt Sonlez-Pamer |
Héicht | 510 m |
Konfluenz | |
Leeft an | Krupbéiwen |
Héicht | 371 m |
Haaptnieweflëss | Donkelsser Baach |
Geographie | |
Land |
Lëtzebuerg Belsch |
Regioun | Éislek |
Si entspréngt op 510 m (NG-L) an der Belsch um Lieu-dit "Aux Sept Chemins de Marvie".
Si ass ~ 5,600 Km laang a fléisst an ëstlecher Richtung.
Vun 371 M i. NN un bilt se, zesumme mat der Donkelsser Baach, d'Krupbéiwen.
Nieweflëss vun der Soller Baach: um belschen Territoire de Ruisseau du Rafri, um Lëtzebuerger Territoire d'Ru (déi an der Belsch Ruisseau de la Crimoge heescht).
D'Soller Baach leeft laanscht Soller.
Hiert Quellgebitt läit am Naturschutzgebitt Sonlez-Pamer.