Messina

drëttgréisste Stad vu Sizilien
Dës Säit beschäftegt sech mat der sizilianescher Stad Messina. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Messina (Homonymie).


Messina ass déi drëttgréisste Stad vu Sizilien (Italien) a gläichzäiteg de Verwaltungssëtz vun der Provënz Messina.

Messina
Land Italien
Regioun Sizilien
Provënz Messina
Koordinaten 38°11'37"N, 15°33'15"O
Fläch 213,75 km²
Awunner 218.786 (1. Januar 2023)
ISTAT 083048

Messina ass doduerch bekannt, datt do déi sougenannt Konferenz vu Messina vum 1.-3. Juni 1954 war. D'Ausseministere vun der Montanunioun, dorënner och de Joseph Bech, sinn nämlech deemools zu Messina zesummekomm, fir ze beroden, wéi se d'Europäesch Zesummenaarbecht nom Echec vun der Europäescher Verdeedegungsgemeinschaft (CED) kéinte relancéieren.

Geographie änneren

Messina huet ronn 242.000 Awunner (Stand: 2009), déi op enger Fläch vun 211,7 km² liewen. D'Wirtschaft ass duerch d'Industrie gestempelt, d'Awunner sinn a Schëffschantercher, an der Liewensmëttelindustrie, an der Metallveraarbechtung an och an der cheemescher Industrie beschäftegt.

D'Stad läit un der Strooss vu Messina. Ongeféier 90 Kilometer südlech läit Catania a ronn 230 Kilometer westlech d'Haaptstad vun der Regioun, Palermo. Den Etna, dee mat méi wéi 3.300 m den héchste Vulkan vun Europa ass, läit ronn 70 km süd-westlech vu Messina.

Um Spaweck änneren

 
Messina
 
Vue op d'Stad vum Hafen aus, am Hannergrond d'Kierch vun der Annunziata dei Catalani (2005)

.

 
Kathedral vu Messina (2005)
 
Kathedral vu Messina (2009)
 
Strooss vu Messina (1888)
Commons: Messina – Biller, Videoen oder Audiodateien