De Sinus Fidei (lat. fir Bucht vum Glawen) ass eng kleng mareaarteg Formatioun beim Mare Vaporum op der äerdzougedréiter Säit vum Äerdmound. D'International Astronomesch Unioun hat am Joer 1976 d'Benennung virgeholl.

De Sinus Fidei, opgeholl vun der Raumsond Clementine.

Déi donkelgro Basaltfläch vum verstengerte Lavaséi huet e mëttleren Duerchmiesser vu 70 Kilometer. D'Mieresbucht läit um Nordrand vum Mare Vaporum bei de mëttlere selenographesche Koordinaten 18,0° Nord an 2,0° Ost. Si grenzt nërdlech bis westlech un d'Moundalpen. An hirer ëstlecher Noperschaft läit de Lacus Felicitatis.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren