Enhanced Message Service

Den Enhanced Message Service (Erweiderten Norichteservice) oder EMS baséiert um selwechte Prinzip wéi eng SMS, kann awer zousätzlech nach Logoen, Biller a Schelltéin matschécken.

Eng EMS ass dobäi och net nëmmen op 160 Zeeche beschränkt, kascht dann awer bei weideren 160 Zeechen eng SMS méi. Duerch d'Aféierung vun MMS verléiert deen Déngscht ëmmer weider u Bedeitung, well mat enger MMS méi Meiglechkeete gi sinn.