De Shaquille Rayshaun O'Neal, gebuer de 6. Mäerz 1972 zu Newark, New-Jersey, ass en US-amerikaneche Profi-Basketballspiller. Hien ass 2,16 m grouss an ass ongeféier 150 kg schwéier an domat de schwéiersten NBA-Spiller. De "Shaq" gëllt als ee vun deene beschte Basketballspiller vun allen Zäiten. Momentan steet hie bei de Phoenix Suns ënner Vertrag.

Shaquille O'Neal
Pseudonym DJ Diesel
Gebuer 6. Mäerz 1972
Newark
Nationalitéit USA
Educatioun New York Film Academy, Barry Universitéit
Aktivitéit Basketballspiller, Schauspiller, Rapper, Sportscommentateur, Geschäftspersoun, Filmproduzent, Televisiounsproduzent, Sänger, Podcaster, Filmschauspiller, Dréibuchauteur
Gréisst 2,16 m
Gewiicht 147 kg
Veräin/Ekipp Boston Celtics

Liewen änneren

De Shaquille O'Neal huet a senger Kandheet deelweis an Däitschland gewunnt. 1987 ass hie mat sengen Elteren op San Antonio geplënnert, wou hien op der Cole Highschool zum Starspiller gouf. No 2 Joer op der Cole Highschool huet de Shaq dunn e Studium um Louisiana State College ugefaangen. Hien huet säi Studium awer fréizäiteg ofgebrach wëll hien de beschte Collegespiller an domat prett fir an d'NBA war.

Am NBA-Draft vun 1992 gouf den O'Neal dann als éischte Pick vun den Orlando Magic gedraft. De Shaq gouf vun Ufank un zu deene beschte NBA-Spiller gezielt, soudatt hien 1993 fir d'All-Star Game gewielt gouf. Vun deem Joer un ass hien all Joer, ausser 1999 wou et keen All-Star Game gouf, erëmgewielt ginn. A schonn 1995 stoung den O'Neal mat sengen Orlando Magic an den NBA-Finals, wou hien awer géint déi villméi erfaren Houston Rockets verluer huet. Um Wee fir an d'Finals hunn d'Magic souguer géint dem Michael Jordan seng Chicago Bulls gewonnen. D'Joer drop huet de Jordan awer zeréckgeschloen an ass amplaz vun de Magic an d'Finals komm.

1996 ass den O'Neal stënterlech vun den Orlando Magic op Los Angeles Lakers gewiesselt, warscheinlech wéinst Problemer mam Penny Hardaway. Zu L.A. huet de Shaq en Dramduo mam Kobe Bryant gebilt. D'Lakers sinn zwar all Joer an d'Play-Offs komm, mä se sinn ëmmer enttäuschend gelaf. Bis 2000 de Coach vun den Chicago Bulls Phil Jackson koum a mat him koumen d'Titelen. Tëscht 2000 an 2002 sinn d'Lakers dräimol Champion ginn an den O'Neal all Kéier Finals-MVP (wäertvollste Spiller vun de Finallen). An der Saison 1999/2000 ass en zum MVP vun der Saison an 2000 an 2004 zum All-Star-MVP gewielt ginn. Bis elo ass en aacht mol an d'ALL-NBA-First-Team, zweemol an d'ALL-NBA-Second-Team, dräimol an d'ALL-NBA-Third-Team an dräimol an d'ALL-NBA-Defensive-Second-Team gewielt ginn. 1996 gouf hien zu engem vun deenen 50 beschten NBA-Spiller vun allen Zäite gewielt.

Nodeem d'Lakers awer 2004 an de Finals géint Detroit Pistons verluer hunn, ass hien an engem 5-Spiller-Trade bei d'Miami Heat gewieselt. A senger Plaz sinn den Lamar Odom, Caron Butler, Brian Grant en Éischtronnen-Draft-Pick op L.A. komm. Bei de Miami Heat huet en dunn erëm en Draamduo mam Dwayne Wade gebilt. 2005 si se zwar nach knapps an de Conference-Finals géint Detroit erausgeflunn, mä d'Joer drop sinn Miami amplaz vun Detroit an d'Finall komm.

An de Finallen hunn d'Miami Heat du misse géint den Dirk Nowitzki dens Dallas Mavericks untrieden. Nodeem déi zwee éischt Matcher vun de Mavericks gewonne goufen, hunn de Shaq an de Wade déi aner véier Matcher konnte fir sech entscheeden. Sou huet de Shaq du seng 4. Meeschterschaft gefeiert.

Wärend der Saison 2007/2008 koum dunn den drëtte Wendepunkt vum Shaq senger Carrière. Hie gouf nämlech matzen an der Saison bei d'Phoenix Suns getrade, amplaz vum Shawn Marion a Marcus Banks. Do hätt hien elo erëm reell Chance fir en Titel ze gewannen. Hie bild elo mam Steve Nash an Amare Stoudemire zu Phoenix e staarken Trio deen immens talentéiert ass.

Um Spaweck änneren

Commons: Shaquille O'Neal – Biller, Videoen oder Audiodateien