De Shantel, gebuer als Stefan Hantel den 2. Mäerz 1968 zu Mannheim, ass en däitschen DJ a Museksproduzent, deem seng Grousseltere vu senger Mamm hirer Säit Flüchtlingen aus dem rumäneschen Deel vun der Bukowina (Tscherniwzi, haut Ukrain) sinn. Hien ass ee vun den international populäerste Vertrieder vum Balkan-Pop.

Shantel
Shantel, 2022
Gebuer 2. Mäerz 1968
Mannheim
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Disk Jockey, Gittarist, Museksproduzent
De Shantel mam Bucovina Club Orkestar (2012)

Haaptstatiounen a sengem Liewen: DJ zanter der Mëtt vun den 1980er Joren, Grënner vun engem Frankfurter Club, Matgrënner 1994 vum Musekslabel Essay Recordings, a schlussendlech Grënner vum Bucovina Club Orkestar. No sengen Ufänk déi éischter am Downbeat ze siche sinn, mixt de Shantel no senger Osteuroparees 2001 zeréck bei seng Wuerzele mat vill Erfolleg traditionell Balkanmusek mat modernen elektronesche Beats.

Déi 2003 an 2005 op sengem Label verëffentlecht "Bucovina-Club"-Compilatiounen, wou en Titele vu bekannten osteuropäesche Museksgruppen zum Deel remixed huet, hunn him éischte weltwäiten Erfolleg bruecht. Vu sengen eegene Lidder sinn déi bekanntst wuel Disko Boy, Disko Partizani, a Citizen of Planet Paprika. Hien huet och Lidder fir de Soundtrack vun de Filmer "Alles auf Zucker" (2004), "Auf der anderen Seite" (2007) a "Borat" (2007) bäigesteiert.

De Shantel zu Lëtzebuerg

änneren

Den 22. Mee 2015 hat de Shantel, zesumme mam Bucovina Club Orkestar, e Concert am Atelier. De 16. Juli 2016 stoung de Shantel, zesumme mam Bucovina Club Orkestar, am Kader vum MeYouZik-Festival um Knuedler op der Bün.

Discographie

änneren
  • Super Mandarine (1994)
  • Club Guerilla (1995)
  • Auto Jumps & Remixes (1997)
  • EP (1997)
  • No. 2 (1997)
  • "II" EP (1998)
  • Higher than the Funk (1998)
  • Oh So Lovely EP (1998)
  • Oh So Lovely Remixes (1998)
  • Backwood (2001)
  • Great Delay (2001)
  • Inside (2001)
  • Bucovina (2003)
  • Disko (2003)
  • Bucovina Club Vol. 2 (2005)
  • Gypsy Beats and Balkan Bangers (2006)
  • Disko Partizani (2007)
  • Disko Partizani Remixes (2008)
  • Planet Paprika (2009)

Um Spaweck

änneren
Commons: Shantel – Biller, Videoen oder Audiodateien