D'Serranía de Hornocal ass eng Biergerketten, eng 25 km vun der Stad Humahuaca ewech, an der Provënz Jujuy an Argentinien. Si ass en Deel vun der Kallekformatioun Yacoraite (an där Fossilien ze fanne sinn), déi vun der Provënz Salta an Argentinie bis eriwwer an de Peru geet, laanscht den argentinesche Canyon Quebrada de Humahuaca.

Se ka bis zu 4.761 Meter héich ginn.

D'Géigend ëm d'Quebrada de Humahuaca gouf vun der Unesco wéinst senge spektakulär faarwege Bierger als als Weltierwe klasséiert. Dës bestinn nämlech aus dräieckeg gefalte Strate vu Gestengs an enger 30 verschiddene Faarwen, vun Ocker iwwer Gréng, Giel a Wäiss, Rout a Mof, déi jee nom Wénkel vun der Sonn besonnesch erauskommen.

D'Yacorait-Sedimentscouche huet sech um Enn vun der Kräid-Period, viru ronn 75 Millioune Joer, forméiert. Duerch tektonesch Aktivitéiten, déi och d'Anden ervirbruecht hunn, goufe s'an de Joermilliounen dono eropgedréckt an deelweis wéi eng Ziharmonika gefaalt.