Sergio Pupovac

lëtzebuergesche Sportler


De Sergio Pupovac, och nach Serdo oder Serdjio Pupovac, gebuer de 5. Juli 1979 zu Argenteuil a Frankräich, ass e lëtzebuergesche Foussballspiller mat serbeschen Originnen. E spillt an der Stiermerpositioun.[1]

Sergio Pupovac
Gebuer 5. Juli 1979
Argenteuil
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Stiermer
Veräin/Ekipp Racing FC Union Lëtzebuerg,
FC UNA Stroossen,
Jeunesse Esch,
FC Rodange 91,
Racing FC Union Lëtzebuerg,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp

Tëscht dem 5. September 2009 an dem 14. Oktober 2009 huet hie 5-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt[2].

Vun 2001 bis 2005 huet hie fir d'Union gespillt, bis 2009 fir de Fusiounsveräin RFCUL, vun 2010 bis 2011 war hie bei der Jeunesse a vun der Saison 2011/12 un ass hie beim FC UNA Stroossen.

Referenzen änneren

  1. De Sergio Pupovac op der Websäit National Football Teams
  2. D'Lëscht vun de Lännertmatcher vum Sergio Pupovac op der Websäit vun European Football