Sergio Mattarella
Den Sergio Mattarella, gebuer den 23. Juli 1941 zu Palermo, ass en italieenesche Riichter a Politiker. Hien ass zanter dem 3. Februar 2015 President vun der Republik Italien.
Sergio Mattarella | |
---|---|
Gebuer |
23. Juli 1941 Palermo |
Nationalitéit | Italien |
Educatioun |
Universitéit La Sapienza, Universitéit vu Palermo |
Aktivitéit | Politiker, Affekot, Universitéitsprofesser, Riichter |
Partei | Partito Democratico |
Member vun | Accademia della Crusca |
Säi Virgänger Giorgio Napolitano hat am Januar 2015 demissionéiert. Et ass zu neie Wale komm. Am éischte Walgang krut de Mattarella 5 Stëmmen, am zweeten an am drëtte Walgang krut hien der 4. Eréischt am véierte Walgang ware sech d'Deputéiert an d'Senatoren eeneg: nom véierte Walgang krut hie 665 Stëmmen vun 1009,[1] an ass deemno zanter dem 3. Februar 2015 President.
Hie staamt aus enger Famill vu Politiker: säi Papp, de Bernardo Mattarella, war Minister. Säi Brudder Piersanti dee President vun der Regioun Sizilien war, gouf vun der Mafia ëmbruecht. Säi Pätter war de Salvatore Aldisio, och Minister.