Sergei Semjonowitsch Sobjanin

Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Sergei Semjonowitsch Sobjanin (Сергей Семёнович Собянин), gebuer den 21. Juni 1958 zu Njaksimwol am Oblast Tjumen, ass e russesche Politiker.

Sergei Semjonowitsch Sobjanin
am Joer 2011
Gebuer 21. Juni 1958
Njaksimwol
Nationalitéit Russland
Aktivitéit Ingenieur, Jurist, Politiker, Staatsmann
Partei Eenegt Russland

Hie war ë. a. Generalgouverneur vum Ural-Gebitt a Chef vun der Presidialverwaltung ënner dem Wladimir Putin. Zanter Mee 2008 ass hie Vizepremier an zanter dem 21. Oktober 2010 och nach Buergermeeschter vun der Stad Moskau.

Perséinleches änneren

De Sergei Sobjanin ass mat der Irina Iossifowna Sobjanina (gebuere Rubintschik) bestuet. Déi studéiert Ingenieurin vun Tjumen huet eng eege Stroossebaufirma a lieft mat hirem Mann zu Moskau. Mat hir huet hien zwee Meedercher kritt, d'Anna (* 1986) an d'Olga (* 1997). Déi eelst Duechter Anna huet zu Sankt Péitersbuerg eng Schauspillerausbildung gemaach a lieft elo do mat hirem Mann Alexandr Jerschow.

De Sergei Sobjanin ass russesch-orthodox.

Um Spaweck änneren

Commons: Sergei Sobjanin – Biller, Videoen oder Audiodateien