Sergei Iwanowitsch Beljawski
russeschen Astronom
De Sergei Iwanowitsch Beljawski (Сергей Иванович Белявский), gebuer de 7. Dezember 1883 zu Sankt Petersburg, Russland, a gestuerwen den 13. Oktober 1953 zu Leningrad, war e russeschen Astronom. Aner Schreifweise vum Numm sinn ë. a. Belyavsky, Beljawskij oder Belyavskii.
Sergei Iwanowitsch Beljawski | |
---|---|
Gebuer |
7. Dezember 1883 Sankt Péitersbuerg |
Gestuerwen |
13. Oktober 1953 Sankt Péitersbuerg |
Nationalitéit | Russescht Keeserräich, UdSSR |
Educatioun | Staatlech Universitéit Sankt Péitersbuerg |
Aktivitéit | Astronom, Asteroidenentdecker |
Member vun | Wëssenschaftsakademie vun der URSS, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften |
Hie war Member vun der sowjetescher Akademie vun de Wëssenschaften. Hien huet op de Gebidder vun der Astrometrie an der Photometrie geschafft an huet sech intensiv mat dem Studium vun de Verännerleche Stäre beschäftegt.
De Beljawski huet um Krim-Observatoire geschafft, wou hie wärend senger Karriär 36 Asteroiden souwéi den helle Koméit C/1911 S3 entdeckt huet.