Serge Koch

lëtzebuergesche Moler

De Serge Koch, gebuer den 20. Oktober 1957 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Fotograf, Moler, Poet a Graveur fir klassesch Gravurtechniken an digital Dréck.

Serge Koch
Gebuer 20. Oktober 1957
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler, Dichter, Graveur, Fotograf
Member vun ARC Kënschtlerkrees

Hie stellt zanter 1988 zu Lëtzebuerg an och am Ausland aus an huet u ronn 400 Ausstellungen deelgeholl.

Hien ass zanter 2002 aktive Member vum Cercle Artistique de Luxembourg (CAL). Vun 2011 bis Mee 2023 war hien do am Conseil d'Administration a vu Juli 2017 bis Mee 2023 war hie Vizepresident vum CAL.

Zanter 1999 ass hien aktive Member vum Gravureatelier Empreinte a war do vun 2014 bis 2019 Member vum Comité.

Tëscht 1991 an 2006 war hie Member vum Lëtzebuerger Artisten Center (LAC).

Hie war och, tëscht 1997 an 2004, Member an zäitweis Sekretär/Koordinator vun der Grupp ARC Kënschtlerkrees (fréieren Art Contemporain du Grand-Duché de Luxembourg).

2016 gouf hie vun der Associatioun nees invitéiert bei Ausstellunge matzemaachen an am Januar 2017 gouf hien do op enger aussergewéinlecher Generalversammlung als President ernannt.

Vun 2007 bis 2019 huet hie reegelméisseg Fotoen an och alt emol Artikelen am Bulletin vum Veräin ErwuesseBildung verëffentlecht.[1]

Seng Gedichter huet hien iwwer Jore reegelméisseg an der Warte verëffentlecht. 2018 huet hien e Gedichtband Über kurz oder lang - Gedichte und Verdichtetes erausbruecht. Zanter 2018 presentéiert hie reegelméisseg Liesungen, begleet vum Museker a multidisziplinären Artist, dem Mark Theis.

2018 huet hien als Co-Auteur um Buch 125 Joer CAL matgeschafft (Auteur Carole Jung, Co-Auteure Paul Bertemes a Serge Koch).

2019 huet hien d'Buch 60 Joer ARC Kënschtlerkrees realiséiert.

2021 hat hien eng gréisser Solo Ausstellung am Schlassgoart zu Esch/Uelzecht wou hien nieft méi rezente Fotoaarbechten och deels eeler Gravuren an Zeechnunge gewisen huet.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. ErwuesseBildung