De Serge Dassault, gebuer de 4. Abrëll 1925 zu Paräis als Serge Bloch, an och do den 28. Mee 2018 gestuerwen, war e franséischen Entreprener a Politiker (UMP/LR).

Serge Dassault
Gebuertsnumm Serge Paul André Bloch
Gebuer 4. Abrëll 1925
4. Arrondissement
Gestuerwen 28. Mee 2018
8. Arrondissement
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Lycée Janson de Sailly,
École polytechnique,
Institut Supérieur de l’Aéronautique et de l’Espace,
HEC Paris
Aktivitéit Politiker, Direkter, Entreprener, Editeur, Geschäftspersoun, Ingenieur
Partei Union pour un mouvement populaire, Rassemblement pour la République
Famill
Papp Marcel Dassault
Kanner Olivier Dassault

Hie war de Jong vum Flijerbauer a Grënner vum Groupe Dassault, Marcel Dassault, a war zesumme mat senger Famill Proprietär vun deem Grupp, dee virun allem an der Rëschtung- an am Medieberäich (dorënner Le Figaro, La Voix du Nord a dee belsche Le Soir) aktiv ass.

2015 huet de Forbes Magazine säi Verméigen op 15,3 Milliarden US-Dollar geschat.[1]

Hien hat veschidde politesch Mandater, dorënner vun 1995 bis 2009 dat vum Buergermeeschter vu Corbeil-Essonnes, an zanter 2004 vum Senateur fir d'Departement Essonne, vun deem en zulescht Doyen war.

Um Spaweck änneren

Literatur änneren

  • Claude Carlier, Serge Dassault 50 ans de défis. Éditions Perrin, Paris 2002
  • Anne-Marie Rocco, Serge Dassault. Armes, presse, politique. Flammarion, Paris 2006

Referenzen änneren

  1. forbes.com