Willy Allamano

lëtzebuergesche Schrëfsteller

De Willy Allamano, gebuer den 3. Mäerz 1933 zu Esch-Uelzecht, ass e Lëtzebuerger Auteur, deen iwwer de Biergbau an aner Saachen am Zesummenhank mam Biergbau an der Minettsgéigend schreift.

Willy Allamano
Gebuer 3. Mäerz 1933
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Fonctionnaire

Aus sengem Liewen änneren

De Willy war technesche Beamten op der Gemeng Esch-Uelzecht. Am Joer 1960 gouf hie mat der Elisabeth Piller bestuet, déi 1997 gestuerwen ass. Aus sengem éischte Bestietnes huet hien e Jong, de Pit Allamano (gebuer 1965). De Willy huet sech 2001 fir d'zweet mat der Françoise Frémez bestuet, déi 2018 gestuerwen ass, a wunnt elo zu Hengescht.

Säi Veräinsliewen änneren

De Willy Allamano huet e vill beschäftegt Veräinsliewen hanner sech. Iwwer 20 Joer huet hien an der Escher Biergaarbechtermusek Saxophon Baryton gespillt. Vun 1962 un ass hie Member vum Biergmanns-Ënnerstëtzongs-Veräin zu Esch. Tëschenduerch war hien do Sekretär (1983-1987 an 1993), a vun 1994-2006 President.

Seng Interessen a Schreifaarbechten änneren

An de 70er Joren huet de Willy Allamano ënner der Leedung vum Aurelio Sabbatini Steebildhaer geléiert. Spéider huet hie fir vill Veräiner Takemodeller entworf. D'Tak "EIST DUERF SOLL LIEWEN" vum "Service des Sites et Monuments" ass och ee Wierk vum Willy Allamano. Mat sengen Aarbechtskolleege vun der Escher Gemeng huet hien am Joer 1985 an der Buchholz-Villa am Faubourg zu Esch, d'Ausstellung 100 Joer Escher Waasserwierk organiséiert. Hien huet, vun 1987 un, gehollef de Musée des Mines de Fer de Lorraine zu Neufchef an Aumetz a Frankräich opzebauen an huet säi Wëssen iwwer de Biergbau vergréissert.

Am Joer 1990 huet de Willy Allamano d'Motiv fir de Jubiläum vum Aarbechter Ënnerstëtzungsveräin Esch/Grenz geschaf.

Wierker änneren

  • 1994: 100 Joër Biergmanns-Ënnerstëtzongs-Veräin 1894. Jubiläumsbroschür, Esch/Uelzecht.
  • 2005: Dem Biergmann seng Luuchten. ISBN 2-87996-783-X.
  • 2008: Die Drahtseilbahnen im Großherzogtum Luxemburg und in Lothringen ISBN 978-2-87996-668-7.
  • 2013: mam Gilbert Bernardini: Esch-sur-Alzette et ses rues / Esch an der Alzette und seine Straßen. ISBN 978-2-87964-136-2.
  • 2019: Stroosse vun der Gemeng Fréiseng .
  • 2021: Een Dag nom aneren zu Esch un der Uelzecht.
  • 2021: Erënnerungen aus Esch un der Uelzecht.

Kuckt och änneren

 
Deckel vun der Broschür 100 Joer Biergmanns-Ënnerstëtzongs-Veräin Esch/Uelzecht 1894
 
D'Biergmannsluuchten
 
D'Drotseelbunnen
 
Esch-sur-Alzette et ses rues