SeaDream I
De SeaDream Yacht Club ass eng kleng norwegesch Reederei, déi haut zwee Croisièresschëffer, déi baugläich Zwillingsschëffer, d'SeaDream I an d'SeaDream II exploitéiert. Et sinn zwou Yachte vu jee 4.253 BRT mat engem ganz héije Standard. De Berlitz Guide for Cruising bewäert se mat 5-Stäre-Plus, mat der Bezeechnung utterly exclusive (aussergewéinlech exklusiv), eng Bewäertung, déi nëmmen een anert d'Schëff kritt huet, d'MS Europa. Allen zwee bidde se Plaz fir 108 Passagéier. Si kënne sech iwwer all méigleche Confort erfreeën a profitéieren och vun enger Stärekichen a fräiem Gedrenks.
SeaDream I SeaDream II | |
---|---|
D'SeaDream II | |
Technesch Donnéeën (Iwwerbléck) | |
Schëffstyp: | Passagéierschëff |
Eegentemer: | SeaDream Yacht Club |
Asaz: | Croisièren |
Kategorie: | 5-Stären-Plus |
Gréisst: | 4.253 BRT |
Längt (i. W.): | 105 m |
Breet (i. W.): | 14 m |
Vitess: | 21 Kniet |
Passagéierkapazitéit: | 108 |
Equipage: | 89 |
Baujoer | 1984 |
Bauwerft: | Wärtsilä Helsinki Werft |
Kabinnen: | 58 |
Registréiert: | Bahamas |
Heemechtshafen: | Nassau |
Bordsprooch: | Englesch |
Wärung: | US $ |
Haaptrestaurant: | 1 |
Baren: | 2 |
Swimmingpool: | 1 |
Whirlpool: | 1 |
Geschicht
ännerenD'SeaDream-Yachten hunn hir Aktivitéiten 1984 ënner dem Numm Sea Godess I a Sea Godess II opgeholl an hunn deemools nach zu Cunard gehéiert. Si goufen dunn bei d'Seabourn Line geschloen. Wéi d'Carnivall plc Seabourn iwwerholl huet, sinn déi norwegesch Minoritéitsaktionären aus Seabourn erausgeklomm an hunn dunn déi fréier Sea-Godess-Schëffer eegemächteg exploitéiert, mat vill Succès iwweregens. Den héijen Niveau vun de Croisièren op dësen zwee Schëffer ass erhale bliwwen.
Literatur
änneren- Ward, Douglas: Berlitz Complete Guide to Cruising & Cruise Ships 2006, ISBN 981-246-739-4
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: SeaDream I – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Commons: SeaDream II – Biller, Videoen oder Audiodateien |