Lëtzebuerger Sproochatlas 1900
De Lëtzebuerger Sproochatlas 1900 ass e Sproochatlas an zwéin Deeler, een iwwer d'Ënnerscheeder a Form an Toun, vun den Dialekter vum Lëtzebuergeschen, an een iwwer lexikalesch Differenze jee no Lokalitéit, déi 2023 an 2025 vum Alain Atten a Claude Schmit erausbruecht goufen.

Se baséieren op Material, dat den Alain Atten an den 1960er an 1970er Jore gesammelt huet, andeems e 618 Uertschaften zu Lëtzebuerg an am Areler Land zu Fouss besicht huet, a sech do vu Gewäersleit, déi all ëm 1900 oder virdru gebuer waren (wat den Titel erkläert), soe gelooss huet, wéi ee fir bestëmmt Wierder an där Uertschaft seet. En huet dann déi verschidde Variante vun Hand op Fichë festgehalen oder agezeechent.
Domat huet hien d'Aarbecht verdéift a virugefouert, déi de Robert Bruch ugefaangen hat, ma wéinst sengem stënterlechen Doud, 1959, net ofschléisse konnt. Wat dëse bis dohin zesummegestallt hat, war 1963 am Luxemburgischer Sprachatlas publizéiert ginn.
Iwwer 50 Joer méi spéit goufen och dem Alain Atten seng Relevéë vum Geograph Claude Schmit digital erfaasst. Sou konnt eng éischt Drockversioun mat 572 Kaarten zu de lautleche Variante geschaf ginn, ma och d'Basis, fir weidert Material - z. B. iwwer diachron Entwécklungen - digital z'erfaassen an ze verschaffen.[1]
Den zweete Volume, de "Wuertatlas" iwwer lexikal Variante gouf den 19. Mäerz 2025 der Ëffentlechkeet an der Nationalbibliothéik virgestallt.
Literatur
änneren- Atten, Alain, Schmit, Claude (2025): Lëtzebuerger Sproochatalas 1900. Wuertatlas. Ed.: Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, Institut grand-ducal, Section de linguistique, d'ethnologie et d'onomastique. ISBN 978-99987-799-3-8.
- Atten, Alain, Schmit, Claude (2023): Lëtzebuerger Sproochatalas 1900. Laut- a Formenatlas. Ed.: Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, Institut grand-ducal, Section de linguistique, d'ethnologie et d'onomastique. ISBN 978-2-9199644-0-6.
- Lebenswerk und Meilenstein: Der "Lëtzebuerger Sproochatlas 1900" vom Sproochmates Alain Atten und Kartograf Claude Schmit. Die Warte/Perspectives, Feuilleton im Luxemburger Wort 19/2762, 22.06.2023. (Dossier vu 16 Säiten).
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- Raoul Roos: "De "Lëtzebuerger Sproochatlas 1900" ass prett." rtl.lu, 20.06.2023.
- Natasha Ehrmann, "Lëtzebuerger Sproochatlas 1900", Radio 100,7, 21.06.2023, Sendung "Am Fong" mam Sproochmates Alain Atten, Geografie Professer a Kartolog Claude Schmit a mat der Linguistin Dr. Nathalie Entringer vum ZLS.
- Marc Thill, "Lëtzebuerger Sprooch, Der Sproochmates Alain Atten und sein Lebenswerk", wort.lu [€], 22.06.2023
- "Presentatioun vum Lëtzebuerger Sproochatlas 1900", men.public.lu, 20.06.2023
Referenzen
änneren- ↑ R. Roos, an der Lit.