Schnéikläckelchen

(Virugeleet vu(n) Schnéikläckelcher)


D'Schnéikläckelchen, Galanthus, ass eng Fréijoersblumm aus der Famill vun den Amaryllisplanzen, déi an Europa an a Westasien doheem ass. Et gëtt nonzéng Zorte vu Schnéikläckelcher. Et si Planzen déi net kriddleg sinn, a si ginn am beschten am Hallefschied, op frësche gutt drainéierte Biedem, déi am Summer net ze dréche ginn.

Schnéikläckelchen
Schnéikläckelchen
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Liliopsida
Uerdnung Asparagales
Famill Amaryllisplanzen
Gattung Schnéikläckelcher
Wëssenschaftlechen Numm
Galanthus
L.

Déi bekanntst Zort a Mëttel- a Westeuropa ass déi Kleng Schnéikläckelchen, Galanthus nivalis déi ee vun de Pyrenäë bis an d'Ukrain fënnt, mat hirem Ofleeër Galantus nivalis flore pleno mat duebele Bléien.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Galanthus nivalis – Biller, Videoen oder Audiodateien