Ugrëff vum 21. Lancers bei Omdurman
Schluecht vun Omdurman
Konflikt Mahdistenopstand
Datum 2. September 1898
Plaz nërdlech vun Omdurman am Sudan
Resultat Groussbritannien huet gewonnen
Géigner
Groussbritannien Mahdisten
Kommandanten
Horatio Herbert Kitchener Abdallahi ibn Muhammad
Truppestäerkten
8.200 Britten,17.600 Egypter a Sudanesen 50.000 Mann
Verloschter
500 Doudeger a Blesséierter 19.700 Doudeger a Blesséierter

An der Schluecht vun Omdurman am Sudan huet den 2. September 1898 eng brittesch-egyptesch Arméi ënner dem Sirdar (Chef Suprème) vun der egyptescher Arméi, dem Horatio Herbert Kitchener d'Unhänger vum 1885 verstuerwene Mahdi ënner hirem neie Leader dem Abdallahi ibn Muhammad niddergemaach. D'Schluecht bedeit d'Enn vum Mahdistenopstand an erméiglecht d'Ëremeruewerung vum Sudan duerch déi anglo-egyptesch Arméi.

Resultat

änneren

D'Schluecht gëllt an technesch-taktescher Hinsicht als en Dréipunkt an der Militärgeschicht, dei den Ivergank tëscht der Kriechsféierung vum 19. a vum 20. Joerhonnert markéiert. Dat kënnt dohier, datt engersäits wärend hirem Verlaf eng vun den leschte frontale Kavallerieaattacke vun der Weltgeschicht geridde gouf, annerersäits goufe vun de Britten an deem Kampf fir déi éischt Kéier déi nei entwéckelt Maxim-Maschinengewierer a grousser Zuel agesat.

No der Schluecht gouf Omdurman an dat vum Mahdi zerstéiert Khartum besat, dat dunn erëm vum Lord Kitchener nei opgebaut gouf. D'Mahdiste lafen an de Süde fort. Do kontrolléiere se bis 1899 d'Gebitt vun Darfur bis op d'Grenz vun Ethiopien. Am Oktober 1899 schéckt de Lord Kitchener 8.000 Zaldoten fir den Abdallahi ibn Muhammad definitiv auszeschalten. An der Schluecht vun Umm Diwaykarat an der Provënz Kordofan gouf deen du geklappt, an e koum dobäi ëm d'Liewen.

Dat zeréckeruewert Land gouf net un Egypten zeréckginn, mä 1899 als anglo-egyptescht Kondominium konstituéiert mat dem Lord Kitchener als éischte Generalgouverneur. Well en d'Schluecht gewonnen hat krut de Kitchener, den 1. November 1898, den Titel vun engem Barong (Lord Kitchener of Khartoum and of Aspall in the County of Suffolk), an de Bathuerden. Direkt duerno koum et zur Faschoda-Kris.

Literatur

änneren
  • Terry A. Brighton: The last charge. Queen Victoria's lancers and the battle of Omdurman, The Crowood Pree, Malborough 1998, ISBN 1-86126-189-6
  • Donald Feathertone: OMDURMAN 1898, Osprey, London 1993, ISBN 1-85532-368-0
  • Donald F. Featherstone: Omdurman 1898. Kitchener's victory in the Sudan, Praeger, Westport, Conn. 2005, ISBN 0-275-98631-4
  • Arthur Hodges: Kitchener, Vorhut-Verlag, Berlin 1937
  • John C. Pollock: Kitchener. The road to Omdurman, Constable Books, London 1998, ISBN 1-09-479140-6
  • Philip Ziegler: Omdurman, Pen & Sword Books, 2003, ISBN 0-85052-994-8
  • G. W. Steevens: With Kitchener to Khartum, ISBN 1-84342-158-5
 
Schluecht vun Omdurman