D'Schluecht vu Gimnée war eng Kricherei vu ronn dräi Deeg, déi sech an der Géigend vu Gimnée vum 15. bis de 17. Juli 1555, tëscht den Truppe vum Karel V. an dem Henri II. ofgespillt huet.

D'Ursaach dovu war de Bau vum Fort de Charlemont bei Givet, deen d'Fransouse verhënnere wollten.

Nodeem de Karel V. decidéiert hat fir um Uwänner vun der Meuse eng Festung opzeriichten huet en de Martin Van Rossem mat senger 25.000 Mann staarker Arméi dohi geschéckt fir d'Aarbechten ze protegéieren, déi ënner der Leedung vum Charles de Berlaymont ausgefouert goufen. Seng Truppen haten hire Camp um Plateau vu Foische bei Givet um Lieu-dit Deux Givet installéiert, mat enger Positioun um Flouer Herbleu bei Gimnée. Dem Rossem seng Arméi déi deelweis aus Sëldner bestanen huet, hat vill Problemer déi deelweis dohier koumen well se aus Zaldote vu verschiddenen Natioune bestanen huet, déi sech ënnerenneen zerfuppt hunn, a Retarde beim Ausbezuele vum Sold. Dobäi koum datt duerch d'Pescht eng grouss Parti gestuerwen ass.

De Van Rossem ass un de Follge vun der Krankheet gestuerwen, a seng zwéin Adjointen Terlon a Meghem goufen och krank, sou datt de Charles de Berlaymont eng schwéier Ierfschaft als Ersatzkommandant vun den Truppen ugetrueden huet.

An der Zäit wéi de Berlaymont Interimskommandant war, haten d'Fransousen an der Géigend vu Couvin eng 16.000 Mann staark Arméi zesummegestallt, déi iwwer Mariembourg op Givet marschéiert ass, wou se de 15. Juli 1555 déi keeserlech Truppen um Flouer Croix Bataille ugegraff hunn.

De François de Rabutin deen déi Kricherei materlieft huet, erzielt datt déi Keeserlech déi den Terrain gutt kannt hunn, dee Virdeel ausgenotzt, a sech op Givet zeréckgezunn hunn. Domat hu se d'Fransousen déi hanner hinne waren, an de Beräich vun der Artillerie gelackelt, déi sech den Dag virdru mat 16 Kanounen an enger 200 Mann staarker Trupp vun Aarmbroschtschëtzen an der Festung installéiert hat.

Wéi d'Fransouse gemierkt hunn datt et do kee Virukommes méi géif ginn, hu sech de 17. Juli an Direktioun Nismes zeréckgezunn.