Schlass Weimerech

Haus zu Jonglënster

D'Schlass Weimerech (och an der Schreifweis Weimericht oder Weimerich) ass en herrschaftlecht Haus an der Gemeng Jonglënster. Et steet laanscht den CR132, tëscht Gonnereng an Eescheler, am Naturschutzgebitt Weimericht.

Schlass Weimerech
D'Schlass Weimerech ëm 1900
Land Lëtzebuerg
Gemeng Jonglënster
Plaz Weimerech
Koordinaten 49°42'9,5"N, 6°16'22,4"O
Datum vum Bau 1899

D'Haus gouf 1899 fir de Geschäftsmann Virgil Burg gebaut[1]. Et gouf e puermol rafistoléiert an ëmgebaut.

Zulescht huet eng eeler Koppel dra gewunnt, déi béid am November 2004[2] gestuerwe sinn. Zanterhier steet d'Haus eidel a verfält. D'Gemeng Jonglënster huet et 2006 fir 135.000 Euro[2] vun engem Ierwe vun der Koppel ofkaaft, mee jorelaang weider näischt dru gemaach. 2017 huet s'et du fir 30 Joer der Natur- a Bëschverwaltung verlount. Déi wollt do eng Zort "Fliedermaushotel" draus maachen. Well d'Bausubstanz sech an de 5 Joer dono weider verschlechtert huet, a weider näischt um Bau geschitt ass, sinn d'Pläng vum Fliedermaushotel och ongewëss (Stand: Dez. 2022). No der Anne Schroeder aus dem Gemengerot hätt d'Schlass Weimerech nach ni eng Roll fir Jonglënster gespillt.[3]

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Schlass Weimerech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Quell, wou net anescht uginn: "Junglinster: Ein Schloss für Fledermäuse." tageblatt.lu, 26. August 2020, 17.05 Uhr.
  2. 2,0 2,1 Einsam und verlassen an der Literatur
  3. Volker Bingenheimer: "Baufällige Villa bei Junglinster, Das Fledermaus-Schloss, das niemand will." wort.lu [€], 7.12.2022 // Niemand will das Fledermaus-Schloss, Die einen wollen es abreißen, die anderen am liebsten loswerden. Aus den Plänen, Schloss Weimerich zu einem Biotop für Fledermäuse umzubauen, wird wohl nichts, Luxemburger Wort, 9. Dezember 2022, S. 16