Naturschutzgebitt Weimericht
Weimericht ass en Naturschutzgebitt (réserve naturelle) an der Gemeng Jonglënster.
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Plaz | Jonglënster |
Fläch | 102,94 ha |
Nationalcode | PS 14 |
Koordinaten | 49°42'0"N, 6°15'50"O |
Status | Geschützt Zon vun nationalem Intressi |
Geschützt zanter | 10. Dezember 2012 |
D'Reserve Weimericht, déi 2012 offiziell ausgewise gouf, besteet virun allem aus Bëscher an Dréchewisen (pelouses sèches, Trockenrasen). Si ass ronn 102 ha grouss. D'Naturschutzgebitt gouf duerch d'Groussherzoglecht Reglement vum 10. Dezember 2012 geschaf.[1]
Beschreiwung
ännerenWeimericht läit am Südoste vu Jonglënster. D'Reserve besteet aus enger Kärzon (Zone A) vu 25,00 ha an enger Pufferzon (Zon B) vu 77,94 ha. D'Kärzon zitt sech iwwer Keuperhäng déi no Süden a Südosten exposéiert sinn, an dofir e relativ waarmt an dréchent Mikroklima hunn.
Rar Planzen an Déieren
ännerenD'Gebitt ass duerch eng héich Biodiversitéit charakteriséiert. Et liewen eng Rëtsch Déieren a Planzen déi zu Lëtzebuerg rar sinn an zum Deel op der Rouder Lëscht vun de bedreeten Aarte stinn.
- 92 Päiperleksaarten, dovun 39 % op der Rouder Lëscht;
- 32 Planzenaarten déi op der Rouder Lëscht stinn;
- 12 Orchideeënaarten.