Schlass Siweburen

D'Schlass Siweburen, 2011.
Schlass Siweburen
Pavillon am Schlasspark

D'Schlass Siweburen, op de Siweburen am Rollengergronn (Stad Lëtzebuerg) ass e Schlass aus dem 18. Joerhonnert.

Et gouf 1783–1784 vun de Bridder Jean-François a Pierre-Joseph Boch baue gelooss, an der Noperschaft vun hirer Parzeläinsfabréck, déi 1767 ugefaangen huet ze produzéieren a bis 2010 funktionéiert huet.

D'Schlass war sou ugeluecht, datt zwou Famille konnten dra wunnen: den ieweschte Stack war ënnerdeelt an zwéi Fligele mat Schlofzëmmeren, wärend de Rez-de-chaussée, mat ë. a. dem Iesszëmmer an dem Living, vun den zwou Partien zesumme benotzt konnt ginn.[1]

An der Zäit vun der Franséischer Revolutioun war d'Schlass vu franséischen Truppe besat ginn. 1914 gouf et verkaf. 1970 huet d'Boch-Famill et nees zréckkaf. Den Antoine de Schorlemer (1927-2014) gouf ugestallt, d'Gebai grëndlech ze renovéieren.[2]

D'Schlass hautÄnneren

D'Zëmmeren doruechter si mat deene verschiddenste Parzeläinswierker dekoréiert. Am Iesszëmmer hänkt e Portrait vun der Maria Theresia vun Éisträich (1717–1780), déi de Boch-Bridder d'Erlaabnes ginn hat, eng Parzeläinsfabrik opzemaachen a se déi 10 éischt Joer vun de Steiere fräigestallt hat. Hautdesdaags kann een d'Schlass loune fir Konferenzen oder Receptiounen. Och d'Firma Villeroy & Boch benotzt et als Gaaschthaus fir hir Clienten oder Manager.[1]

D'Schlass gouf den 18. November 2011 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen.[3]

LiteraturÄnneren

  • Figut, I., 2014. Auf den Gespüren der Brüder Boch. Das Schloss nahe der Keramiikproduktionsstätte heutzutage nur für private Events buchbar. Luxemburger Wort vum 1. August 2014, S. 14-15.
  • "Le château de Sept-Fontaines." ons stad 1987, Nr.26, S.23-25.

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Schlass Siweburen – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren

  1. 1,0 1,1 "Le château de Septfontaines: Retour aux origines d'une ère", Le Quotidien, 20 September 2010.(fr)
  2. Duncan Roberts, "Château de Septfontaines under Conservation Order", City Magazine Luxembourg, February 2011.
  3. Service des sites et monuments nationaux: Liste des immeubles et objets classés Monuments nationaux ou inscrits à l'Inventaire supplémentaire. (Lescht Versioun vum 1. Juli 2020).